De Max Hahn huet preziséiert, datt an enger éischter Phas vulnerabel Leit eraus geholl gi wieren. Duerno wier wéinst der annoncéierter Längt vun der Hëtztwell decidéiert ginn, all d’Leit ze evakuéieren.
D’Killméiglechkeeten am Centre de primo-accueil Tony Rollmann hätten net esou fonctionéiert, fir datt een d’Period hätt kënnen iwwerbrécken, ouni datt et eng Gefor fir d’Leit gewiescht wier, esou de Minister.
Haut virun enger Woch hat den Office National de l’accueil dem Radio 100,7 matgedeelt, datt den Zenter um Kierchbierg erëm am normale Betrib géif funktionéieren.