arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi jonk Demokrate fuerderen eng individuell Risikobewäertung beim Bluttspenden

National

|
reading time

1 min

Déi jonk Demokrate fuerderen eng individuell Risikobewäertung beim Bluttspenden

Datt Homosexueller net Blutt spenden dierfen, wier eng Ongläichbehandlung, déi net méi justifizéiert wier. Dat schreiwen d'JDL an engem Communiqué.

reading time

1 min

© Bigstock / ginasanders
(Foto: Bigstock / ginasanders)

Ëmmer méi Länner géifen elo schonn eng individuell Risikobewäertung duerchféieren. D’Geschlecht vum Sexualpartner dierf hei net d’Haaptroll spillen.