arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rout Kräiz: Wéinst der Caritas-Affär géifen d'Leit ëmmer nach zécke fir ze spenden

National

|
reading time

3 min

Rout Kräiz: Wéinst der Caritas-Affär géifen d'Leit ëmmer nach zécke fir ze spenden

Et wier an der Croix-Rouge hirer DNA onpolitesch ze sinn. Dat mengt den Nach-Generaldirekter vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, de Michel Simonis. Hie war haut Invité vum Dag bei eis op der Antenn. D’Croix-Rouge wier entstane fir Krichsblesséierter ze verfleegen.

reading time

3 min

Michel Simonis | © 100,7
Michel Simonis (Foto: 100,7)

D‘Rout Kräiz ass en incontournabelen Acteur zu Lëtzebuerg an am Ausland fir Mënschen a ganz ënnerschiddleche Situatiounen ze hëllefen, esou hiren Nach-Generaldirekter Michel Simonis. D'Croix-Rouge wier d'office onpolitesch. Wann een eng politesch Säit géif wielen, da kéint ee just nach déi Verwonnte vun enger Säit verpléischteren, erkläert de Michel Simonis.

Enorme Besoin wat Fleeg ugeet 

De Michel Simonis war zënter 2002 bei der Croix-Rouge luxembourgeoise. 2013 gouf hie Generaldirekter. An dem Véierelsjoerhonnert hätt sech de Fleegesecteur hei am Land staark gewandelt. Dat esouwuel gesamt-gesellschaftlech, mee och en Vue vun de Salariéen an dem Spende-System.

D’Besoinen am Fleegesecteur wieren enorm grouss, esou de Michel Simonis am 100,7-Interview. Haut géifen iwwer 3.500 Leit fir d'Rout Kräiz schaffen. An och bei de Benevollen hätt sech Zuel vun ufanks den 2.000er Jore quasi verzéngfacht, dat vu ronn 150 Leit deemools op iwwer 1.500 Leit haut.

"Also dat ass eng enorm Progressioun, mee et ass och e Secteur, deen och nei Gesetzesbasissen huet, a wou d'Besoinen enorm grouss sinn. Dat muss ee wëssen."

Attraktivitéit fir de Beruff am Fleegesecteur geet zeréck 

D’Croix-Rouge wier deemno och ee wichtegen Employeur ginn hei am Land. Ze bedauere wier awer, datt d‘Beruffer keng esou eng gutt Reputatioune méi hätten, obwuel se eigentlech gutt bezuelt wieren, fënnt den Nach-Generaldirekter.

"An dat ass eppes, wat e bësse schued ass, datt eigentlech déi Beruffer haut net onbedéngt déi gutt Reputatioune méi hunn, obwuel se souguer ganz gutt bezuelt sinn."

Nieft dem Réckgang vun der Attraktivitéit vum Fleegesecteur wieren awer och d’Donen an de leschte Joren zeréckgaangen. Am sougenannte Mois du Don wiere just nach hallef esou vill Spende bei der Croix-Rouge agaange wéi an der Zäit. 

Et wier schwéier ze soen, wouropper genee dat zeréckzeféiere wier. D’Natur vum Spendesystem hätt sech verännert. Ënner anerem well zënter de Covid-Joren d’Donen net méi vun Haus zu Haus agesammelt géifen. Mëttlerweil géif dat gréisstendeels Online oflafen. Dobäi kéim, datt d’Caritas-Affär sécher och vill Vertrauen zerstéiert hätt.

Fleeg ass keng Familljesaach méi 

Mëttlerweil hätt een och méi institutionell Spender, déi immens wichteg wieren, esou nach de Michel Simonis. D’Rout Kräiz bräicht all Joer tëschent dräi bis véier Milliounen Euro fir d’Lächer ze stoppen

Allgemeng hätt sech an de leschte 25 Joer awer och eng rasant gesamt-gesellschaftlech Entwécklung, wat d’Fleeg ugeet, ofgezeechent. De grousse Besoin géif notamment weisen, datt d’Fleeg, esouwuel vu Kanner wéi vun ale Léit, keng Familljenaufgab méi wier.

"Do si gesellschaftlech Choixe gemaach ginn, déi natierlech e breede Service public néideg maachen. An déi musse bezuelt ginn."

Esou wäit den Nach-Generaldirketer vun der Croix-Rouge Michel Simonis. Hie geet geschwënn an d‘Pensioun, den 1. August iwwerhëlt dee fréieren UEL-Direkter Marc Wagner.