arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ongläichheeten tëschent de Geschlechter bleiwen eng Realitéit hei am Land

National

|
reading time

2 min

Ongläichheeten tëschent de Geschlechter bleiwen eng Realitéit hei am Land

D'Ongläichheeten tëschent de Geschlechter bleiwen eng Realitéit, och zu Lëtzebuerg. Dat ass de Constat vun der Gläichstellungs- an Diversitéitsministesch Yuriko Backes bei der Presentatioun vum Joresbilan vum Observatoire de l'égalité entre les genres.

reading time

2 min

Danièle Siebenaler, Yuriko Backes | © MEGA
Danièle Siebenaler, Yuriko Backes (Foto: MEGA)

Et géifen zwar generell Progrèsen a Punkto Gläichberechtegung ginn, mee déi géife ganz fragil bleiwen, esou d‘DP-Ministesch.

Méi Frae wéi Männer op der Uni 

Am Beräich vun der Aarbecht ginn et awer och positiv Nouvellen. Beim Taux d’emploi gëtt d’Divergenz tëschent Fra a Mann méi kleng, erkläert d’Presidentin vum Observatoire, Danièle Siebenaler.

“2024 war den Taux d'emploi bei de Männer 72 Prozent a bei de Frae 67 Prozent. Dat ass en Ecart vu 4,9. 2023 war deen Ecart nach bei 6,8. Dat heescht, deen Ecart, dee gëtt méi kleng.”

Och an der Educatioun géif ee positiv Entwécklunge gesinn. Zum Beispill wiere Fraen an de Studiegäng, mat Ausnam vum Doktorat, liicht méi representéiert.

Just all zéngte Mann schafft Deelzäit

A Saache Gender-Pay-Gap bleiwen déi bekannte Problemer. Bal all drëtt Fra schafft Deelzäit, wärend et bei de Männer nëmmen all zéngten ass. Frae leeschte weiderhin dee gréissten Deel vun der onbezuelter Care-Aarbecht a Frae besetze manner dacks Féierungspositiounen. 

Dës Ongläichheete wierke sech op d’Pensiounen aus. Beim Gender-Pension-Gap läit Lëtzebuerg op der drëttleschter Plaz am EU-Vergläich, esou nach d’Danièle Siebenaler.

“2025 war de Gender-Pension-Gap moyen 31,2 Prozent an den Gender Pension Gap médian 37,5 Prozent. Dat sinn och ganz wichteg Zuele fir eis, well si reflektéieren u sech Inegalitéiten, déi sech am Laf vum Liewenswee accumuléiert hunn.”

Nieft enger neier visueller Identitéit, wéilt een d’Donnéeë méi zougänglech fir d’Ëffentlechkeet maachen. D'Zil vum Observatoire wier et virun allem genuch Donnéeën ze sammelen, fir dann eng évidence-baséiert Politik maachen ze kënnen. 

Iwwerdeems wëllt den Observatoire préiwe fir an Zukunft och Donnéeën iwwer net binär Persounen ze erhiewen