search

/ Sozial Medien: Jugendrot wënscht sech eng méi generell Approche

National

|
headphones

2 min

Sozial Medien: Jugendrot wënscht sech eng méi generell Approche

Och zu Lëtzebuerg wëllt ee sech Gedanke maachen iwwer ee Social Media Verbuet fir ënner 16-Järeger. De Jugendrot begréisst datt ee sech am Ëmgang mat Social Media Gedanke mécht, mee huet och Bedenken zu engem Verbuet.

headphones

2 min

Cybermobbing, inappropriéiert Inhalter an iwwerméissege Konsum. Dat si just e puer vun de Risiken, déi mam Notze vu soziale Medie verbonne sinn. Australien huet als éischt Land weltwäit dofir Enn d’lescht Joer ee Social Media Verbuet fir ënner 16-Järeger agefouert. Och hei am Land ass dat een Thema. D’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue sot um Mëttwoch an der Chamber, datt Lëtzebuerg, sollt een op EU-Niveau net weiderkommen, een nationale Verbuet wéilt aféieren. 

"Net naiv" géint iwwer Problemer

Den Gianni di Paoli vum Jugendrot erkläert, datt een de Problem net eleng mat enger Altersbegrenzung léist.

"Mir géifen eis do einfach méi eng generell Approche wënschen, well einfach elo den Alter ropzeschrauwe wäert net de Problem léisen."

Et wier een "net naiv" géintiwwer de Problemer vu Social Media, esou nach den Gianni di Paoli. Sou ënnerschiddlech Plattforme sinn, wieren awer och hir Methoden, een ofhängeg ze maachen, betount hien. 

Jonk vun der Realitéit ewech halen hëlleft och net

De Jugendrot fënnt och, datt déi Jonk souwisou mat der Welt musse konfrontéiert ginn. Si dovun ewech ze halen, géif och net hëllefen.

"Do géife mir méi encouragéieren, datt een déi Jonk mat op e Prozess hëlt, wou een hinne villäicht dann am Alter vun 13 bis 16 probéiert, déi entspriechend Kompetenze bäizebréngen a si einfach do mat op de Wee hëlt."

EU "Digital Services Act" hëlt Plattformen an d'Responsabilitéit

Och d‘Plattforme géifen an der Responsabilitéit stoen, fënnt den Gianni di Paoli. 

Plattforme wéi Tiktok, Instagram a Facebook sollen effektiv duerch de sougenannten “Digital Services Act” vun der EU an d’Verantwortung geholl ginn, fir strofbar Inhalter ze läschen.

Sozial Medien hätten net just negativ Aspekter

Dat Reglement misst méi konsequent ëmgesat ginn, esou nach den Gianni di Paoli. Hie gesäit awer och d’Eltere vun deene Jonken an der Verantwortung. Och déi bräichten déi néideg Kompetenzen.

Donieft hätt Social Media a sengen Aen och net just negativ Aspekter, esou nach den Gianni di Paoli vum Jugendrot. Hie stellt sech d‘Fro ob ee Verbuet bis 16 Joer villäicht iwwerdriwwe wier.