Wann een déi zweet Plack vum Quartett opleet, da kommen engem fir d’éischt emol lauter musikalesch Erënnerungen aus den 1990er an 2000er an de Sënn: Déi geschruppte Gittare kléngen no Radiohead zur Zäit vun “The Bends”, dem Niko Kapetan seng Stëmm brécht wéi dem Conor Oberst seng zu de beschten Zäite vu Bright Eyes an déi epesch Momenter zitéieren Arcade Fire.
Musekalescht Donnerwieder
Datt déi néng Stécker net zum rengen Nostalgie-Trip ginn, läit engersäits un der Energie mat där d’Band vu Chicago un d’Wierk geet an anerersäits un enger grousser Léift fir den Detail an den ausgefeilten Arrangementer.
War den Debut “Where We’ve Been, Where We Go From Here” nach méi onkonventionell wat d’Songstrukturen ugeet, esou léisst sech um Nofollger alles méi liicht klasséieren.
Rocknummere wéi den Titeltrack “Something Worth Waiting For”, “Guess” oder “Choo Choo” gi fir d’éischt liicht an d’Ouer an iwwerraschen da mat engem musikaleschen Donnerwieder.
“Alice” an “Certainty” si Balladen, déi een och op engem Elton John-Album aus den 1970er kéint erëmfannen.
Vum Duo zum Quartett
D’Harmonië vun “Hot Air Balloon” an “Seven Degrees” erënneren un d’Beatles. Wat Friko awer komplett feelt, ass all Form vu Berechnung. Si spille sech mat enger Begeeschterung duerch en halleft Joerhonnert Museksgeschicht, déi dat Ganzt lieweg mécht an net wéi en Objet aus engem Musée wierke léisst.
Gegrënnt gouf Friko vum Frontmann Niko Kapetan a Bailey Minzenberger op der Batterie. Fir “Something Worth Waiting For” si si zu engem richtege Quartett ginn, mam Korgan Robb op der Gittar an dem David Fuller um Bass.
An dat héiert een: All Instrument gëtt de Lidder eng eegen Dynamik, déi dann an engem Arrangement zesummekommen, dat méi komplex ass wéi et beim éischte Lauschtere schéngt. Produzéiert huet dës Plack de John Congleton, deen ënner anerem och bei der Courtney Barnett hire leschten Album “Creature of Habit” hanner dem Mëschpult souz.
Queen a Led Zeppelin als Inspiratioun
Friko wéilt “grouss” Musek maachen, huet den Niko Kapetan an engem Interview gesot, well hien a senger Jugend begeeschtert war vu sengem Papp sengem Plackeschaf mat Albume vu Led Zeppelin a Queen.
Si traue sech tatsächlech hiren Hutt an de Rank ze geheie fir déi nächst grouss Band ze ginn. A villäicht gëtt hiren Album an e puer Joer eng Zäitmaschinn fir sech, déi een aus dem Schaf hëlt an sech seet: Esou huet 2026 geklongen.