Hien huet Gespréicher mam Premier Xavier Bettel a mam Chamberpresident Fernand Etgen. Um Programm stinn och Visitten zu Schengen an a Clausen, am Gebuertshaus vum Robert Schuman.
De Lëtzebuerger Ausseminister ass dann haut a muer op Aarbechts-Visitt a Griicheland. Haapttheema ass Migratioun an Asyl, dofir huet de Jean Asselborn Entrevuë mam griicheschen Ausseminister a mam Migratiounsminister.