Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Slowakei: Koalitioun aus zwou sozialdemokrateschen an enger pro-russescher Partei

Parlamentswale Slowakei

Slowakei: Koalitioun aus zwou sozialdemokrateschen an enger pro-russescher Partei

An der Slowakei wëllen zwou sozialdemokratesch Parteien an déi pro-russesch Nationalpartei eng Koalitioun forméieren. Deemno soll de lénksnationale Regierungschef Fico op en neits Premier ginn. 

auto_stories

1 min

De President vun der méi liberaler Sozialdemokratescher Partei, Pellegrini, iwwerhëlt d‘Funktioun vum Parlamentspresident. De klengste Koalitiounspartner gëtt déi pro-russesch Slowakesch Nationalpartei.

Am Accord si sech déi dräi Parteien op eng Aussepolitik eens ginn déi op de Grondlage vun der EU an der NATO-Memberschaft baséiert. Och déi nationalstaatlech Interessie goufen ënnerstrach. De Premier hat am Walkampf annoncéiert, d‘Ukrain net méi mat Waffen ze beliwweren, mee just nach mat ziville Gidder.