Mëtt 2021 war de President vum Land, Jovenel Moïse, ëmbruecht ginn. Verschidde Bande kontrolléieren zesumme bal de ganzen Territoire vun der Haaptstad Port-au-Prince. Dofir hunn och schonn Ambassadeuren an UNO-Personal d’Land verlooss.
Keen traut sech méi virun d'Dier
Op Haiti ass ënner anerem d’Lëtzebuerger Associatioun “Action Avenir Haïti” aktiv. D’Aarbecht vun AAH konzentréiert sech op Rivière Froide, ee Quartier vun der Gemeng Carrefour, no bei der Haaptstad Port-au-Prince. Do gëtt u sech eng Spill- a Primärschoul fir eng 200 Kanner bedriwwen, déi awer zanter engem bis zwee Méint op Grond vun der Gewalt zou ass, erkläert eis de Comitésmember Roby Theisen.
D’Kanner géife sech net virun d’Dier trauen a ganz Familljen hätte sech an d’Hannerland zeréckgezunn. D’Situatioun wier ewell zanter Jore schlëmm, mee elo, duerch d’Bandegewalt, méi an de Medien.
"Et ass eigentlech scho säit 2019, wou et sou schlëmm ass, datt mir vum Comité Lëtzebuerg eigentlech net méi kënnen dorower goen, fir eis Aarbecht mat eise Partner dohannen ze suivéieren.”
Aktivitéite vun “Action Avenir Haïti” leie brooch
D’Bande kontrolléieren d’Stroossen, soudass d’Liewe fir d’Mataarbechter op der Plaz, wa se d’Land dann nach net verlooss hunn, a “méi wéi krichsänlechen Zoustänn an Anarchie” net ze erdroen ass.
"Wann zum Beispill ee vun eise Mataarbechter muss op d’Bank goen, fir Sue sichen ze goen oder akafen ze goen, da sinn déi permanent a Liewensgefor, wou een all Moment kann iwwerfall ginn oder gekidnapped ginn.”
Och aner Aktivitéite vun “Action Avenir Haïti” leien den Ament brooch. Woubäi sech, wéi de Roby Theisen seet, an de leschte Jore souwisou op d’Iwwerliewe vun der Schoul fokusséiert gouf.
Haiti géif wéi e gescheiterte Stat ausgesinn, deen net zur Rou kënnt, an et wier net ze verstoen, firwat vun der internationaler Communautéit net méi staark géif reagéiert ginn.
"Do gëtt jo scho säit zwee Joer gesot, datt sollen déi Truppen dorower goen, fir ze hëllefen, dat erëm ze berouegen oder fir déi Police ze ënnerstëtzen, an do ass iergendwou kee richteg bereet, dat ze maachen."
Vereenten Natiounen organiséieren eng Loftbréck
Et wier ze hoffen, datt international Hëllef e bësse Rou an erëm een normale Fonctionnement op d’Karibikinsel zeréckbrénge géif. Wichteg wier virun allem, datt d’Leit net méi fäerte missten, fir aus dem Haus ze goen.
D’Vereenten Natioune wäerten elo probéieren, iwwer eng Loftbréck vun der Dominikanescher Republik aus, d’Populatioun op Haiti mam Néidegsten ze versuergen. Si hate virdru schonn decidéiert, hiert d‘Personal, dat net absolutt noutwenneg ass, aus dem Karibikstaat ofzezéien.