search

/ Situatioun bei ArcelorMittal: Premier versteet Suerge vun de Gewerkschaften

Stolproduzent

|
headphones

1 min

Situatioun bei ArcelorMittal: Premier versteet Suerge vun de Gewerkschaften

De Premierminister Luc Frieden confirméiert am 100,7 Interview, datt hien de CEO vun ArcelorMittal Enn Januar begéint huet. Um Bord vum Weltwirtschaftsforum zu Davos an der Schwäiz hätt hien dem Aditya Mittal gesot, Lëtzebuerg wéilt net, datt et zu Delokalisatioune vun Aarbechtsplaze géif kommen.

headphones

1 min

© Screenshot Livestream
(Foto: Screenshot Livestream)

Lëtzebuerg wéilt eng staark Stolindustrie hunn an och weider de Siège social vun ArcelorMittal bleiwen.

D‘Gewerkschaften OGBL an LCGB hate gëschter kritiséiert, datt de Premier sech mam CEO vun ArcelorMittal getraff hätt, ouni si. An hunn dofir gefuerdert, datt de Luc Frieden d‘urgence eng Stoltripartite aberifft.

Onkloer ob et zu Stoltripartite kënnt

Am 100,7-Interview um Donneschdegmëtteg, sot de Premier, datt dofir elo Gespréicher mat den Aarbechts- a Wirtschaftsministeren an och de Gewerkschafte geféiert géife ginn. Ob et um Enn zu enger Stoltripartite kënnt, déi d’Gewerkschafte jo gefuerdert haten, konnt de Luc Frieden net soen. Dat géif een am Regierungsrot beschwätzen.

Et wier awer wichteg, mat all de Sozialpartner ze schwätzen.

"Et ass also e permanente Sozialdialog, mee dee maache mir net ëmmer grouss a virun de Kameraen. Mee et ass ganz kloer, datt ech d'Suerge vun de Gewerkschafte verstinn."

Och de Management vun ArcelorMittal géif déi Suergen deelen, esou nach de Premier.

D‘LSAP-Fraktioun schléisst sech der Fuerderung vun de Gewerkschaften un, datt d‘Regierung soll esou séier wéi méiglech eng Stoltripartite aberuffen.