Radioen

On air

Notturno  |  Haruomi Hosono & Cornelius - Bara To Yaju

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Shanghai Klassement: Uni.lu op Plaz 601 vu 700

Edukatioun

Shanghai Klassement: Uni.lu op Plaz 601 vu 700

D‘Uni Lëtzebuerg kënnt an engem internationale Ranking – dem Shanghai Klassement op déi 601 Platz vu 700 Unien déi opgelescht ginn. Dëse Ranking gëtt et zënter 2003. E gëtt op Basis vun 6 Krittären opgestallt.

auto_stories

1 min

Ee Krittär ass dobäi dee vun den Nobelpräisser déi fréier Studenten oder Professere vun enger Uni kruten. Déi amerikanesch Harvard ass zënter 22 Joer schonn op der éischter Platz, virun der Uni vu Stanford. Déi brittesch Unie Cambridge an Oxford situéiere sech op der 4. an der 6. Plaz.

Déi éischt franséisch Uni ass op Platz 12, nämlech Paris-Saclay. Déi Zürecher ETA ass op 21, déi Paräisser Sorbonne ass op 41, d‘Uni vu Münche kënnt op 43, Heidelberg op 50, a Gent aus der Belsch zum Beispill nach op 90.