Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - De Sonnden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laos: A klenge Schrëtt zur Rechtsstaatlechkeet

Kooperatioun tëschent den Universitéiten

Laos: A klenge Schrëtt zur Rechtsstaatlechkeet

Lëtzebuerg wëll sech engagéieren, de Rechtsstaat am Partnerland Laos ze fërderen. Dat soll duerch juristesch Educatioun geschéien. Dofir gëtt et  ee Kooperatiounsprojet tëschent der Uni.lu an der Universitéit an der laotescher Haaptstad Vientiane.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

De Xavier Bettel mam laoteschen Edukatiounsminister. | © Sophie Schroeder play_arrow
De Xavier Bettel mam laoteschen Edukatiounsminister. (Foto: Sophie Schroeder)

Op senger Aarbechtsvisitt huet de Kooperatiounsminister Xavier Bettel en entspriechenden Accord ënnerschriwwen, mat deem de Budget fir dëse Projet op ronn 2,5 Milliounen Euro erhéicht soll ginn.

De Laos ass een Eeparteiestaat. Zanter 1975 regéiert eleng déi laotesch-revolutionär Vollekspartei. D’Riichter si Parteimemberen, an domat bei der Ausübung vun hirem Beruff net onofhängeg. Een Urteel ka vum Parlament ugefecht ginn, dat de Fall dann erëm zeréck un de Riichter ka ginn. Dat kann éiweg esou weidergoen, wärend a westleche Rechtssystemer een iewescht Geriicht endgülteg iwwer ee Fall entscheet. Zu Lëtzebuerg ass dat de Kassatiounshaff an d’Verwaltungsgeriicht.

Een anere Rechtsstaat wéi deen, dee mir kennen

De laotesche Rechtssystem ass deemno een aneren, wéi mir e kennen, erkläert de Professer op der Uni.lu, Stefan Braum, dee mat der Lëtzebuerger Delegatioun am Laos war.

“Es gibt keine gesetzliche Verbindlichkeit. Das kommt aus der Geschichte des Landes, das seit den 70er Jahren erst nur durch Dekrete regiert worden ist. Und das was wir als Gesetzlichkeit ansehen würden, also gesetzliche Verbindlichkeit, Rechtsschutz, Rechtskraft, das sind alles Ideen, die wir gewohnt sind, die es aber hier nicht gibt.”

Zanter 2017 engagéiert sech de Stefan Braum am Kooperatiounsprojet tëschent den Universitéiten zu Lëtzebuerg an zu Vientiane. Do geet et drëms, an engem Austausch ënnert Fuerscher vu béiden Unien iwwer Theeme wéi sozial Gerechtegkeet ze diskutéieren, an awer och d’Studenten iwwer hir eege Rechter opzeklären.

Dat alles mam iwwergeuerdenten Zil, rechtsstaatlech Institutiounen am Laos iwwerhaapt mol ze etabléieren. An zwar an engem Discours op Aenhéicht.

Begrenzten Optimismus

Den Ekasith Vanmany studéiert zanter 2020 Droit op der Uni zu Vientiane. Hien stellt sech d’Fro, a wéi fern dat alles iwwerhaapt méiglech ass, an der Praxis ze implementéieren.

“Fir eis ass dat och nei. Mir sinn dat alles amgaangen ze léieren a mir brauchen Zäit fir besser doran ze ginn. Mir kënnen eis net vun haut op muer änneren. Dofir wäert dëse Projet wuel e bësse méi laang daueren.”

Och de Stefan Braum ass "begrenzt optimistesch", hei Fortschrëtter ze erreechen. Mee et wier awer och net hoffnungslos: Et géif ee mierken, datt de Wëlle vun der Politik do ass, fir de Rechtsstaat ze stäerken an eng gutt Justiz ze etabléieren, sou nach de Stefan Braum.

Lauschterenplay_arrow

Edukatioun
International
Politik a Gesellschaft