Radioen

On air

Nei Musek  |  Nei Musek

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi franséich Regierung wëllt Schouluniformen duerchsetzen

Frankräich

Déi franséich Regierung wëllt Schouluniformen duerchsetzen

Déi franséisch Regierung wëll Schouluniformen duerchsetzen. Doduerch soll d’Diskriminatioun an de Mobbing an de Schoulen ofhuelen. D’Regierung versprécht sech och ee positiven Effet op d’Disziplin vun de Schüler, well d’Uniform de Schoule méi Autoritéit géife ginn. D'Enseignante reagéiere skeptesch op dës Pläng.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Schouluniform | © Bigstock / monkeybusinessimages play_arrow
Foto: Bigstock / monkeybusinessimages

De Premier Gabriel Attal hat ugekënnegt, datt een d’Uniforme fir d’éischt an 100 Etablissementer teste wéilt. Just 92 Schoulen hu sech bis elo bereet erkläert, den délai fir d’Kandidature gouf dowéinst leschte Mount bis Juni verlängert. Eng 50.000 Schoule ginn et am Land, mee déi 100 loossn sech scheinbar nëmme schwéier fannen. Fir de Jérôme Fournier vun der Enseignantsgewerkschaft SE-UNSA ass dat virun allem dorop zeréckzeféieren, datt een net den Dialog mat de Betraffene sicht.

“Quand on interroge les enseignants, les parents d’élèves et les élèves, finalement on se retrouve face à plus d’opposition.”

Fir datt d’Experiment mat der Tenue Unique ka starten, mussen an de Schoule gewëss Reglementer geännert ginn, dofir wier et nach net sécher, datt et iwwerhaapt dozou kënnt.

“Pour l’instant, tous les conseils d’école et tous les conseils d’administration des collèges ou lycées ne se sont pas prononcés, donc peut-être il y aura des votes contre.”

Grégoire Ensel: Net déi richteg Mesure

De Grégoire Ensel, President vun der nationaler Vereenegung vun de Schülerelteren, seet, d’Uniform wier net de richtegen Usaz fir d’Problemer an der Schoul an et bréicht och keen nationaalt Gesetz heivir.

“Nous, on a une école qui dysfonctionne et on nous propose des polos en cotton, donc c’est pas des besoins.”

Et géif u Personal feelen

De Premier Gabriel Attal versprécht sech vun den Uniformen, datt se och e positiven Impakt op d’Autoritéit an der Schoul hunn, de Grégoire Ensel gesäit awer kee generellen Disziplinsproblem. Fir d’Klima an de Schoulen ze verbessere misst ee virun allem méi Personal astellen.

“Si des fois il y a des problèmes de discipline dans les classes ou dans les établissements, c’est parce qu’il n’y a pas assez d’enseignants et que les classes sont surchargées.”

D'Suen anescht investéieren

Och de Jérôme Fournier wéilt léiwer, datt d’Suen déi an d’Uniforme gestach ginn, anescht investéiert ginn.

“Souvent ce sont les mêmes communes qui ne trouvent pas d’argent pour nous aider à sortir avec nos élèves: aller faire de l’EPS, aller visiter des musées, faire des sorties culturelles."

D'Enseignante bräichten net nach weider Problematiken

E weideren Haaptgrond fir d’Uniform ass d’Lutte géint d’Diskriminatioun an de Schoulen. Och hei gleewen de Grégoire Ensel an de Jérôme Fournier net un eng Besserung duerch dës Mesure:

“L’uniforme ne sera jamais l’arbre qui cachera la fôret des inégalités, c’est à dire qu’un enfant ou des adolescents auront toujours le moyen de se distinguer.”

D’deeglecht Duerchsetze vun den Uniforme géing och zur Aufgab vun den Enseignantë ginn, soen déi zwee Kritiker. Bei allen Erausfuerderunge bréicht et eppes definitiv net: eng weider Problematik fir d’Léierpersonal.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.