Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Selenskyj haut mat grousser Joresenn-Usprooch  - Neie Sanktiounspak géingt Russland

Ukrainkrich

Selenskyj haut mat grousser Joresenn-Usprooch  - Neie Sanktiounspak géingt Russland

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj soll haut zu Kiew seng grouss Pressekonferenz um Enn vum Joer halen. Den Zäitpunkt an d‘Plaz goufen aus Sécherheetsgrënn nach net annoncéiert.

auto_stories

1 min

D‘Europäesch Unioun huet hiren zwielefte Sanktiounspak géint Russland definitiv decidéiert. Déi nei Sanktioune viséieren ënner anerem den Import vun Diamanten aus Russland.

Da gouf d‘EU den Datum bekannt fir een ausseruerdentlecht Treffe vun de 27 Staats- a Regierungscheffen iwwer weider finanziellen Hëllefe fir d‘Ukrain. Dat Treffe soll den 1. Februar sinn. Am EU-Budget si déi nächst véier Joer eng zousätzlech 50 Milliarden Euro fir d‘Ukrain virgesinn. Um EU Sommet zu Bréissel d‘lescht Woch goufen déi Sue vum ungaresche Premier Viktor Orbán blockéiert.