Radioen

On air

Tockcity  |  Doja Cat - Attention

play_arrow Live
search

/ Selenskyj fuerdert nees méi Waffen - Däitsche Militär gouf wuel ofgelauschtert

Ukrainkrich

Selenskyj fuerdert nees méi Waffen - Däitsche Militär gouf wuel ofgelauschtert

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet de Westen op en Neits ëm militäresch Hëllef bei der Fluchofwier gefrot. Dat nodeems gëschter zu ODessa zwee Kanner bei enger russescher Dronenattack gestuerwe sinn. Am ganze wiere siwe Leit ëmkomm, soen d’Ukrainer.

auto_stories

1 min

De Westen hätt genuch Material fir de russeschen Terror kennen ze stoppen, esou de Selenskyj..

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet iwwerdeems eng déifgräifend Enquête annoncéiert, dat no der russescher Publikatioun vu confidentielle Gespréicher vum däitschem Militär iwwer Waffeliwwerunge fir d’Ukrain. D’Gespréich gouf ofgelauschtert. Déi däitsch Oppositioun fuerdert Kloerheet.