An der Ukrain selwer gouf d‘Hafestad Odessa hënt vu russesche Rakéite viséiert. Dobäi wier e Wunnhaus an och e Kärelager getraff ginn, mellen d‘Ukrainer. Informatiounen iwwer méiglech Affer ginn et keng.
De russesche President Wladimir Putin feiert haut iwwregens säin 71. Gebuertsdag. Hie wäert op deem Dag seng usbekesch a kasacheschen Homologe begéingen. An enger feierlecher Zeremonie gëtt den Optakt vu russescher Gaslivraisoun Richtung Usbekistan mat Transit duerch de Kasachstan gefeiert. De Rendez-vous soll weisen, datt Russland international net isoléiert ass.