Radioen

On air

Resonanzen  |  Proffentrio aus dem Escher Conservatoire

play_arrow Live
search

/ Selenskyj: Ouni d’Hëllef vun den USA gëtt et schwéier

EU-SOMMET

Selenskyj: Ouni d’Hëllef vun den USA gëtt et schwéier

Um EU-Sommet diskutéieren d’Staats- a Regierungscheffen mam ukrainesche President doriwwer, wéi d’EU d’Ukrain weider ënnerstëtze kann. Den ukrainesche President pocht sengersäits drop, wéi wichteg d’Eenheet tëscht den USA an der EU fir säi Land ass. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance / Wiktor Dabkowski | Wiktor Dabkowski play_arrow
Foto: picture alliance / Wiktor Dabkowski | Wiktor Dabkowski

Zu Bréissel soutzen de Mëttwoch den Owend Vertrieder vu just e puer europäesche Länner mam ukrainesche President zesummen, fir iwwert déi schwiereg Situatioun an der Ukrain ze diskutéieren. Et war den NATO-Generalsekretär Mark Rutte, deen déi Reunioun am klenge Krees organiséiert hat. 

Um Donneschdeg ass de Wolodomyr Selenskyj um EU-Sommet, wou fir d’leschte Kéier dëst Joer d’Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner zesummekommen. D’Europäesch Unioun wäert do der Ukrain weider Ënnerstëtzung zousoen.

D’Diskussiounen haut dréine virun allem drëms, wéi een am Virfeld vum Wiessel am Wäissen Haus d’Land kann an eng staark Verhandlungspositioun bréngen.

Luc Frieden: Europa muss mat um Dësch setzen

Et géing drëm d’Ukrain staark ze maachen, sot de Moien zu Bréissel de Lëtzebuerger Premier. Hie géing op dësem Sommet d’Lëtzebuerger Ënnerstëtzung fir d’Ukrain nach emol däitlech zum Ausdrock bréngen.

Fir de Luc Frieden geet et net nëmmen em d’Ukrain oder dorëms, datt d’Land e puer Quadratkilometer am Oste verléiere géif

"Et geet ëm fundamental Prinzippien, datt ee Grenzen net ka réckelen duerch Gewalt."

D’Ukrain kéint ee weder aus finanzielle Grënn eleng loossen nach Russland de Krich gewanne loossen.

"Well et ëm d'Zukunft vun der Sécherheetsarchitektur vun Europa geet, domadder och vun där vu Lëtzebuerg. Ech wëll net, datt an Zukunft nach Länner an Europa iwwerfall ginn. Dat wär d'Enn vun all deem, wat déi, déi virun eis Verantwortung gedroen hunn, géifen zerstéieren, nom Zweete Weltkrich, nom Enn vum Kale Krich."

Selenskyj pocht op Eenheet tëschent USA an EU

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sengersäits huet op en Neits konkret Hëllef vun der EU gefrot - speziell huet hie Verdeedegungssystemer aus der Loft als Protektioun fir Atomzentralen oder Gasspäicheren ernimmt.

Dernieft huet de Wolodymyr Selenskyj op d’Eenheet tëscht den USA an der EU gepocht et wier schwéier d’Ukrain ouni d’Hëllef vun den USA ze ënnerstëtzen

Och de Luc Frieden setzt fir d’Zukunft op eng gemeinsam Vue mat den USA. Um Enn hätt ee gemeinsam Interêten. Fir de Rescht misst sech d’EU hei selbstbewosst ginn, sou de Premier

"D'Zukunft vun der Ukrain entscheet sech net zu Washington, d’Zukunft entscheet sech an Europa. Virun allem an der Ukrain selwer, mat den Ukrainer an och mat der Europäesch Unioun. An doropper wäert ech och haut pochen, datt Europa mat um Dësch sëtzt, wann iwwert d'Zukunft vun der Ukrain geschwat gëtt."

Lauschterenplay_arrow