D’Finanzministeren aus sechs EU-Staate schwätze sech an engem Bréif fir esou eng zentral Kontrollinstanz aus.
Déi sougenannten E6-Group vun de wirtschaftlech stäerksten EU-Staaten huet der Europäesch Kommissioun geschriwwen. Zu dëse Staate gehéieren nieft Däitschland och nach Frankräich, Italien, Spuenien, Polen an Holland.
Lëtzebuerg géint zentral organiséiert Finanzmaart-Kontroll
Déi sechs Ministere schreiwen, datt d’Propose vun der EU-Kommissioun fir d’Supervisioun ze verbesseren, eng gutt Basis wier, fir weider ze diskutéieren.
Si schwätze sech fir eng zentraliséiert Supervisioun aus, déi sech awer op systeemesch relevant, a grenziwwergräifend Infrastrukture soll limitéieren.
De Lëtzebuerger Finanzminister Gilles Roth (CSV) hat sech e puer Mol dogéint ausgeschwat, datt d’Kontroll vun de Finanzmäert an der EU zentral organiséiert gëtt.