Déi russesch Zentralbank wëllt déi belsch Firma Euroclear verkloen. Et geet ëm europäescht Kapital a Russland.
D’Zentralbank reagéiert domat op eng Decisioun vun der EU, dat russescht Staatsverméigen - dat an der EU gréisstendeels bei Euroclear läit - permanent op Äis ze leen.
Gëschter um Donneschdeg waren d’EU-Staate sech prinzipiell iwwer een entspriechend Reglement eens ginn. Dat Reglement soll haut um Freideg offiziell adoptéiert ginn.
Lëtzebuerg ass dofir, russesch Staatsverméigen à l’indéfini ze immobiliséieren
Et ass eng Etapp um Wee fir ee gudden Deel vun deene Sue vun der russescher Staatsbank, déi an der EU op Äis geluecht goufen, der Ukrain zoukommen ze loossen.
D’EU-Sanktiounen, déi d’Staatssuen op Äis geluecht hunn, mussen am Prinzip all sechs Méint erneiert ginn. Dat awer wier ze vill riskant, wann een der Ukrain déi Sue wëllt zur Verfügung stellen. Dowéinst war et néideg d’Verméige permanent ze blockéieren.
Dat neit Reglement gesäit vir, déi russesch Avoire fir eng “periode indéfinie” an der EU ze immobiliséieren. Et ass net onëmstridden: Ungarn huet sech dogéint gestäipt, mam Argument, hei géif een de Prinzip vun der Unanimitéit, dee soss an aussepolitesche Froe gëllt, ëmgoen.
Den Accord, deen elo fonnt gouf, baséiert effektiv op engem Artikel am EU-Traité, dee virgesäit, datt een dat an enger exzeptioneller Situatioun maache kann.
Dofir huet sech gëschter eng Majoritéit vun de Memberstaaten ausgeschwat, dorënner och Lëtzebuerg.
Just Ungarn an d’Slowakei waren dogéint.
D’Decisioun, d’Suen ze immobiliséieren, schéckt och ee Signal un d’USA, déi een Usproch ugemellt haten um Verméigen, dat an der EU läit.
Belsch Oppositioun bleift
Mee déi geplangten 185 Milliarden Euro, déi zum allergréissten Deel an der Belsch leien, sinn dowéinst nach laang net um Wee fir an d’Ukrain.
D’Belsch bleift skeptesch. Et stéing een hanner der Ukrain stoen an et géif ee konstruktiv Léisunge sichen, sot gëschter de belsche Finanzminister Vincent Van Peterghem. Hien huet awer och widderholl, datt säi Land weider Bedenken huet.
Déi hätte mat Garantien an dem Opdeele vun der Laascht ze dinn, esou de Van Peterghem. Elo missten d’Experten zesummen eng Léisung fannen.
D’Belsch kéint hei awer an der EU iwwerstëmmt ginn.
Däitschland setzt sech fir déi Léisung an
Aner Staate sinn iwwerzeegt, datt den Transfert vun de russeschen Avoiren an d’Ukrain déi eenzeg Méiglechkeet wier, fir dem Land déi néideg finanziell Ënnerstëtzung ze ginn.
Virop Däitschland, wat sech weider fir déi Léisung staark mécht. Et géif een dofir no Majoritéite sichen, esou gëschter den däitsche Finanzminister Lars Klingbeil. Déi belsch Bedenke géif een awer seriö huelen.
Däitschland an anerer si vehement géint déi zweet Optioun, déi d’EU-Kommissioun proposéiert hat: Nämlech datt d’EU selwer nei Scholde mécht, fir der Ukrain finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen.
Lëtzebuerg hat sech an där Diskussioun nach net kloer positionéiert, mee hat verséchert, et géif ee konstruktiv mat schaffen.
Eent ass sécher: Den Drock op d’Belsch wiisst. Um EU-Sommet déi nächst Woch soll d’Decisioun falen.