Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwéier Verstéiss: BGL BNP Paribas kritt 3 Milliounen Euro Geldstrof

Finanzinspektioun

Schwéier Verstéiss: BGL BNP Paribas kritt 3 Milliounen Euro Geldstrof

D’Bank BGL BNP Paribas krut vun der Finanzinspektioun eng Geldstrof an Héicht vun 3 Milliounen Euro. D’BGL BNP Paribas wier hiren Obligatiounen am Beräich vum Blanchiment a vun der Terrorismusfinanzéierung net nokomm, schreift d’CSSF an engem Communiqué. Bei Kontrollen 2021 wiere schwéier Verstéiss festgestallt ginn.

auto_stories

2 min

BGL BNP Paribas | © picture alliance/dpa | Horst Galuschka
Foto: picture alliance/dpa | Horst Galuschka

D’Finanzinspektioun huet no de Verméigensoriginne vu Clientë mat héijem Risk vu Blanchiment an Terrorismusfinanzéierung gefrot: Déi hätten awer net kënne komplett, kohärent an uerdnungsgemäss dokumentéiert virgeluecht ginn. D’CSSF schwätzt dofir vun engem Manktem u Suergfalt a Vigilance, a vun engem Verstouss géint déi professionell Obligatiounen.

Relatioune mat Clientë mat Verdacht op Blanchiment

Ausserdeem wiere Clientë mat héijem Risk net genuch iwwerwaacht ginn. Et gouf Geschäftsrelatioune mat Clienten, bei deenen et kloer Indicë fir de Verdacht op Blanchiment gouf.

D’Bank hätt hei verdächteg Transaktiounen net erkannt, an doduerch wier och d’Cellule de renseignement financier net informéiert ginn, sou wéi et gesetzlech awer virgesinn ass. 

Bank huet direkt op Constate reagéiert

An enger éischter Reaktioun sot BGL BNP Paribas der Agence France Presse géintiwwer, et hätt een d’Analyse vun der CSSF genee suivéiert, an et wier och wärend der ganzer Enquête zesummegeschafft ginn.

Beim Festleeë vun der Sanktioun hätt d’CSSF consideréiert, datt d’Bank direkt op d’Constate reagéiert hätt, andeems een allgemengen Aktiounsplang opgestallt gouf.

Aktualitéit
Wirtschaft