Radioen

On air

Tockcity  |  Skunk Anansie - An Artist Is An Artist

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schweden annoncéiert weider Hëllefe fir d'Ukrain

"Wanterpak"

Schweden annoncéiert weider Hëllefe fir d'Ukrain

Schweden ënnersetzet d‘Ukraine mat engem net-militäreschen souganannte „Wanterpaak“ an der Héischt vun ëmgerechent am ganzen 120 Milliounen Euro.

auto_stories

1 min

Dat huet de schwedesche Ministerpresident haut op enger Pressekonferenz zu Stockholm bekannt ginn. Dësen Hëllefspaak soll virun allem der ukrainescher Zivilpopulatioun zur Verfügung gestallt ginn. Mat de Suen sollen ënnert anerem de Stroum séchergestallt a Liewensmëttel kaaft ginn, heescht et.

An deem Kader huet de schwedesche Regierungschef och annoncéiert, wéi wichteg et wier, datt d‘EU an d‘USA d‘Ukrain weider ënnersetetzen. Hien huet sech besuergt doriwwer gewisen, datt eng laangfirsteg Ënnerstetzung zur Zäit a Fro gestallt gëtt.