Radioen

On air

9 bis 1  |  Thee Heart Tones - No Longer Mine

play_arrow Live
search

/ Schwangerschaftsofbroch: Bedenkzäit vun 3 Deeg gëtt ofgeschaaft

Santé

Schwangerschaftsofbroch: Bedenkzäit vun 3 Deeg gëtt ofgeschaaft

Déi obligatoresch Bedenkzäit vun dräi Deeg, déi aktuell beim Wonsch no engem Schwangerschaftsofbroch gëllt, gëtt ofgeschaaft. De Regierungsrot huet gëschter um Freidegmoien den deementspriechenden Gesetzprojet ugeholl.

auto_stories

1 min

Mat deem Gesetz ginn och medezinesch Ënnersichungen, déi erausfanne sollen, op e Meedchen oder eng Fra nach Jongfra ass, verbueden. Dat selwecht gëllt fir Zertifikater, déi dës Jungfräulechkeet attestéieren.