Radioen

On air

Notturno  |  The Cookie Jar Complot - Beaver Deceiver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwämm zu Veianen elo rëm op

Offiziell Aweiung

Schwämm zu Veianen elo rëm op

Viru bal genee fënnef Joer war d'Schwämm zu Veianen no engem Accident zougemaach ginn, well dringend Renovatiounen néideg waren. Pénktlech fir d'Summersaison gëtt se haut nees offiziell ageweit. Wat gouf alles néi gemaach an op wat kënnen d'Leit sech am Summer freeën? 

auto_stories

4 min

headphones

24 min

play_arrow
De Buergermeeschter Francis Weyrich lénks an de éischte Schäffe Pol Petry riets (Foto: Christiane Kleer)

Fir dës Summersaison ass d'Schwämm zu Veianen nach net zu 100 Prozent fäerdeg. Fir de Moment gouf dofir decidéiert, als éischt dee klenge Becken fir de Public opzemaachen, erkläert de Buergermeeschter vu Veianen, de Francis Weyrich. Dat well deen, mat enger Rutsch, am meeschte vun de Leit a virun allem och vun de Kanner benotzt gëtt. 

25-Meter-Baseng a Betrib 

Dee grousse 50-Meter-Baseng bléift fir de Moment nach zou. Geplangt a gehofft gëtt awer, datt een dee fir déi nächst Saison am Summer 2025 kann opgemaach ginn. 

En neie Moment gëtt et dann och wat d'Reservatioune fir d'Schwämm ugeet. Déi kann een elo iwwer den Internetsite vun der Veianer Schwämm maachen. Sou kéinten d'Leit sécher sinn, datt si och eng Plaz kréien.

Iwwerdeems kéint esou kontrolléiert ginn, datt net méi wéi 500 Leit gläichzäiteg um Site vun der Schwämm sinn. Dat sinn nämlech déi néi Oplagen, un déi déi frësch renovéiert Schwämm sech muss halen. Den éischte Schäffe Pol Petry betount, datt de Site vun der Schwämm "masseg" duer géif goen, fir déi 500 Leit ze encadréieren. 

Solarpanelle goufen installéiert

Nodeems e Bouf vu 6 Joer deemools bal erdronk wier, gouf déi komplett Technik vun der Schwämm erneiert. Ënner anerem gëtt si lo vu Solarenergie bedriwwen, wat net nëmme méi ëmweltfrëndlech wier, mee och vill Sue géif aspueren, seet de Pol Petry. Iwwerdeems ginn et nei Sécherheetsreegelen. 

Zum Beispill dierfe Kanner ënner 12 Joer net méi eleng an d'Waasser goen an och op d'Rutsch dierf ee réischt ab enger gewëssener Gréisst. Den Daniel Schmit, deen als Schwammmeeschter an der Schwämm zu Veianen schafft, huet och e wichtege Message un d'Elteren: si solle mat hire Kanner zesummen an d'Waasser goen a virun allem de Bléck léiwer op d'Kanner riichten am Plaz op den Handy. 

De 50-Meter-Baseng ass fir den Ament ofgeséchert. | © Christiane Kleer
De 50-Meter-Baseng ass fir den Ament ofgeséchert. (Foto: Christiane Kleer)

Alkohol gëtt et zwar an der Buvette vun der Schwämm, d'Leit sollen awer mam gudde Beispill virgoen an dowéinst ass d'Konsuméiere vum Alkohol nëmmen op der Terrass erlaabt an net op der Wiss beim Basseng. 

5 Milliounen Euro fir déi komplett Renovatioun 

Bis ewell hunn d'Renovatiounen 1,8 Milliounen Euro kascht. D'Schwämm soll elo weider step by step renovéiert. De Pol Petry schwätzt vu 5 Milliounen Euro, déi sollen néideg si fir déi komplett Renovatiounsaarbechten. 

Deen elo oppene klenge Becken ass mat Leitungswaasser gefëllt. Dee grousse Becken soll awer da rëm wéi Fréier mat Waasser aus der Our gefëllt ginn.     

 

Lauschteren

Aktualitéit