Lëtzebuerg ass traditionell pro-europäesch, wënscht sech eng staark Europäesch Unioun a setzt sech och dofir an. Et ass dovun auszegoen, datt dat bei schwaarz-blo net anescht wäert sinn. Wou ass da mat Ännerungen ze rechnen?
Op den éischte Bléck liese sech déi zwee Koalitiouns-Accorden, also dee vun där aler an deen elo vun der neier Regierung ganz änlech.
Et gëtt awer duerchaus Nuancen, aus deenen een erausliese kann, datt aner Accente gesat solle ginn. Dat liest een och aus deem eraus, wat elo net dra steet. D’Europakapitel vu schwaarz-blo ass nämlech méi kuerz.
Méi ee staarken Accent op Handelspolitik
Vläicht e puer Beispiller: Bei der Atompolitik hat déi viregt Regierung annoncéiert, si géif sech op EU-Niveau fir een Ausstig engagéieren an dofir, datt keng ëffentlech Subventioune sollen an Atomkraaft fléissen. Sou eppes gëtt an dësem Accord net ernimmt. Dat gëllt och fir d’Promotioun vun enger feministescher Aussepolitik oder awer fir d’Ervirsträiche vun där sozialer Dimensioun an der EU-Politik, déi am Accord vun 2018 extra ënnerstrach gouf. Doriwwer steet näischt an dësem Ofkommes.
Wou leet dann des Regierung de Schwéierpunkt? Kann een dat soen?
Et steet zwar explizitt am Accord, des Regierung wielt hirer Europa- an Aussepolitik eng nei Prioritéit ginn. Et gëtt dono awer net richteg ausgefouert wouran déi genee bestoe soll.
Wat een erausliese kann, ass vläicht, datt den Accent méi op de Commerce extérieur op d’Handelspolitik soll gesat ginn. An och hei gëtt e bëssen een aneren Toun ugeschloen.
Déi nei Regierung bekennt sech zum Beispill wéi déi virdrun zur EU Direktiv iwwer den “Devoir de vigilence” fir Entreprisen, déi fir Produktiouns-Chaînen am Respekt mat de Mënscherechter an dem Ëmweltschutz suerge soll.
Betounung op Protektioun vun EU-Baussegrenzen
Do gëtt elo betount, datt d’Käschte vun der Ëmsetzung vun dëser neier Direktive vun den Entreprisë musse gedroe ginn an, datt des Regierung do op d’Proportionalitéit vun de Mesuren, déi solle geholl ginn, oppasse wäert. De Bléck gëtt also méi staark op d’Kompetitivitéit, direkt op d’Entreprise geriicht.
Wat ass dann nach nei?
Wat opfält, ass datt et ee ganzen Abschnitt mat extra Iwwerschrëft iwwert Protektioun vun de Baussegrenze vun der EU gëtt.
Dat ass eppes, wou Lëtzebuerg bis elo net den Accent esou drop gesat huet.
Et gëtt zwar och op d’Solidaritéit ënnert de Memberlänner gepocht - awer eben och drop, datt missten déi néideg Moyenen zur Verfügung gestallt ginn, fir de Schutz vun de Baussegrenzen - notamment fir Frontex an Europol - ze garantéieren.
Et gouf vill Sträit an der EU an der Lescht iwwert Klimaschutzmesuren - déi virun allem de Chrëschtdemokraten ze wäit goungen. Wat ass an do vun enger Lëtzebuerger Regierung mat der CSV-Bedeelegung ze erwaarden?
Wat déi europäesch Klimapolitik ugeet, hëlt een sech do am Allgemengen éischter bedeckt.
Et steet zwar am Text, et géif een hannert dem Europäesche „Green Deal“ stoen. Dat ass jo de Pak vu Mesuren déi sollen dofir suergen, datt d’EU hir Klimaziler erreecht.
Keng Aussoen zu EU-Reformen
Zu deene Froen, an deene speziell déi europäesch Chrëschtdemokrate ganz kritesch sinn - notamment - d’Renaturéierung oder awer zum Beispill d’Zil vun der EU, de Pestizid-Verbrauch drastesch ze reduzéieren, gëtt awer net Stellung geholl.
Et ass jo vill Rieds vu Reforme vun der EU, déi eventuell an Zukunft néideg wieren. Gëtt een do eppes iwwert déi Lëtzebuerger Positioun gewuer?
Nee am Fong net. Iwwert hir Zukunfts-Visioune fir d’Europäesch Unioun verréit déi nei Regierung net vill. Och hei gëtt et awer een Detail, deen undeit, datt een aneren Toun ugeschloe kéint ginn. Nämlech, wann et em de Prinzip vun der Unanimitéit an der EU geet.
D’Finanzplaz soll méi offensiv weider entwéckelt ginn
Et gëtt jo Länner, dorënner Däitschland a Frankräich, déi dee Prinzip wëllen opginn - op mannst wann et em d’Aussepolitik ugeet, verschiddener och wann et ëm Steierfroe geet - fir datt do net weider eenzel Länner blockéiere kënnen.
Blo-rout-gréng hat sech, wat d’Aussepolitik ugeet, deene sougenannte “Frënn vun der Majoritéit” ugeschloss.
Schwaarz-blo seet zur Aussepolitik näischt am Text, hält awer fest, datt des Regierung dogéint ass, d’Unanimitéit a Steierfroen an der EU opzehiewen. Dat gëtt also extra betount an och, datt nees soll eng méi offensiv Politik fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg gemaach ginn. Do war déi lescht Regierung méi zeréckhalend.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.