Radioen

On air

Simon Says  |  Blink-182 - I Miss You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Sommet: Orban kritt sech net duerchgesat

Hëllefspak fir d'Ukrain

EU-Sommet: Orban kritt sech net duerchgesat

D’Europäesch Unioun séchert der Ukrain eng weider finanziell Hëllef an Héicht vu 50 Milliarden Euro bis Enn 2027 zou. Um ausseruerdentlechen EU-Sommet huet den ungaresche Premier Viktor Orban säi Veto zeréckgezunn, sou datt de Wee fräi war fir dee Posten an den EU-Budget anzeschreiwen. D’Konditiounen, déi den ungaresche Premier nach bis gëschter gestallt hat, goufen net festgehalen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Den Ungaresche Premier Viktor Orban | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
Den Ungaresche Premier Viktor Orban (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Um Enn ass alles ganz séier gaangen. Scho Minutten nodeems de Sommet ugefaangen hat, koum d’Nouvelle dat ee sech eens gouf.

Nach gëscht hat de Viktor Orban gefuerdert, datt d’EU all Joers misst nei decidéieren, wéi et mat de Payementer un d’Ukrain viru géif goen. Op deem Wee wier hien um Hiewel gewiescht, fir eventuell weider Vetoen anzeleeën - déi 26 aner Staats- a Regierungscheffe sinn net dorop agaangen.

De Viktor Orban krut schrëftlech zougestanen, datt si ee Mol am Joer iwwert d’Ëmsetze vum Hëllefsplang fir d’Ukrain schwätze wäerten. Ddat ouni datt dee Plang u sech kann a Fro gestallt ginn.

Revisioun an zwee Joer

D’Kommissioun soll no zwee Joer eng Revisioun maachen, wann dat néideg ass, an d’Memberlänner dat froen.

De Premier Luc Frieden huet d’Resultat begréisst. De plëtzlechen Ëmschwong vum ungaresche Premier, wollt hien net kommentéieren.

"Ech kann Iech déi Fro net beänwerten, fir mech ass wichteg d’Resultat, mir sinn de Moien hei komm, well mer wollten ee Resultat hu fir d’Ukrain an dat Resultat hu mer kritt."

E kloert Signal

Ee Resultat, wat och den ukrainesche President begréisst huet.

Et wier kloert Signal fir eng staark Ënnerstëtzung fir d’Ukrain, sou de Wolodymyr Selenskyj, un d’Adress vun den EU-Staats- a Regierungscheffen.

Zougeständnisser un de Viktor Orban, datt weider blockéiert EU-Fonge fir Ungarn kéinte fräigeschalt ginn, gouf et net - erkläert de Luc Frieden. D’Konditiounen dofir wieren net erfëllt.

An hire Konklusioune weisen d’Staats - a Regierungscheffen nach eng Kéier op d’Reegele vun deem Mechanismus hin, duerch deen EU-Suen op Äis geluecht kënne ginn. Un der Uwendung vun deene Reegele géif awer näischt geännert - huet et vu verschiddene Säite geheescht.

Lauschterenplay_arrow