Radioen

On air

Soundcheck  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Putin notzt traditionell Militärparad fir russesch Propaganda

80. Anniversaire vum Enn vum 2. Weltkrich

Putin notzt traditionell Militärparad fir russesch Propaganda

Haut gedenkt Russland de sowjetteschen Affer aus Nazidäitschland am zweete Weltkrich. De Putin notzt awer d’Geleeënheet fir russesch Propaganda géint d’Ukrain ze verbreeden.

auto_stories

2 min

Militärparad Moskau zum 70. Enn vum zweete Weltkrich (2015) | © picture alliance / SULUPRESS.DE | Marc Vorwerk/SULUPRESS.DE
Militärparad Moskau zum 70. Enn vum zweete Weltkrich (2015) (Foto: picture alliance / SULUPRESS.DE | Marc Vorwerk/SULUPRESS.DE)

Et ass mëttlerweil déi véiert Parad mat dausenden Zaldoten a schwéierem Militärmaterial op der rouder Plaz zu Moskau zënter dem Ufank vum russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain.

Zu Moskau herrsche staark Sécherheetsmesuren. Den Zentrum ass komplett fir den Autosverkéier gespaart, sëlleg A- an Ausgäng vun der Stad si blockéiert an deelweis sinn d’Metrosstatiounen zou. Iwwerdeems gëtt et Problemer mam mobillen Internet schonn zënter Deeg.

Wichtegste Gaascht ass de Xi Jinping

De President Wladimir Putin rechent dem Kreml no, mat méi ewéi 30 auslännesche Staats- a Regierungscheffen. Dozou gehéiert de chineesesche President Xi Jinping, genau wéi Vertrieder aus de russeschen Nopeschlänner an de fréiere Sowjetrepublicken ewéi Belarus, Kasachstan oder Armenien.

An och dobäi si Staats- a Regierungscheffen aus Venezuela, Kuba, dem Laos a Brasilien.

Militärparad zu Moskau op der rouder Plaz den 09.05.2023 - Ze erkennen: Eng "atomar bestückbare Langstreckenrakete" | © picture alliance / SvenSimon-TheKremlinMoscow | The Kremlin Moscow
Militärparad zu Moskau op der rouder Plaz den 09.05.2023 - Ze erkennen: Eng "atomar bestückbare Langstreckenrakete" (Foto: picture alliance / SvenSimon-TheKremlinMoscow | The Kremlin Moscow)

Wéinst dem russeschen Aggressiounskrich géint d’Ukrain sinn d’Feierlechkeete majoritär ouni westlech Vertrieder. Als eenzege Regierungschef vun engem EU- an NATO-Land hat sech de slowakesche Ministerpresident Robert Fico ugekënnegt. Och de serbesche Staatschef Aleksandar Vucic ass zu Moskau.

Russesch Propaganda géint d'Ukrain

De Putin hat ronderëm d’Feierlechkeeten eng Wafferou vun dräi Deeg ausgeruff. Béid Länner mellen awer iwwer Verstéiss géint déi Waffepaus.

Aus der ukrainescher Haaptstad Kiew koum Kritik, et wier eng zynesch Muechtdemonstratioun. De Wladimir Putin sot zu Moskau, ganz Russland géif déi russesch Offensiv an der Ukrain ënnerstëtzen.

Nazidäitschland hat den 8. Mee 1945 géintiwwer den Alliéierte kapituléiert. Ënnert dem Putin gëtt den “Tag des Sieges” ëmmer méi opwenneg gefeiert a déngt der Propaganda fir d’Bestätegung vu senger Muecht.