Am Fong ware sech d’Negociateuren aus dem Europaparlament an de Memberlänner schonn am Dezember no laange Verhandlungen iwwert déi nei Direktiven eens ginn.
De Vott vun den Ambassadeuren aus de 27 EU-Länner dono ass eigentlech eng Formalitéit. Elo awer stellt Däitschland den Accord nees a Fro. Net sécher ass och, ob Lëtzebuerg nach dohannert steet.
15 Länner mussen dofir stëmmen
Déi schwaarz-blo Regierung schéngt sech net méi sécher ze sinn, ob si fir d’Direktive stëmme wëll. D’Detailer vum Text géifen nach gekuckt, sou laang géif een näischt iwwert d’Positioun um Grand Duché soen, huet et gëscht geheescht.
Fir datt d’Direktiv ugeholl gëtt, mussen op d'mannst 15 Länner dofir stëmmen, eng Abstentioun kënnt engem Nee gläich. Däitschland huet déi lescht Woch annoncéiert, sech ze enthalen.
Et kéint op e puer Stëmmen ukommen
Géing Lëtzebuerg dat och maachen, wier dat irresponsabel vis à vis vun de Mënscherechter, dem Planéit an dem Klima, kommentéiert de Marc Olivier Herman vun Oxfam d’Situatioun. Doduerch kéint nämlech dat ganzt Gesetz nees gekippt ginn.
Beim Liwwerkettegesetz geet et drëm, datt grouss Entreprisen sech verflichten, am internationalen Handel Mënscherechter an Ëmweltschutz-Standarden ze respektéieren. De Finanzsecteur war gréisstendeels aus dem Gesetzestext erausgeholl ginn - eppes wat dem Wonsch vun der Lëtzebuerger Regierung entsprach huet.
Ännerunge par Rapport zu Holdingen?
Nom politeschen Accord am Dezember gouf an der Tëschenzäit den Text finaliséiert, déi endgülteg Versioun ass nach net publik.
Eisen Informatiounen no wieren an där leschter Versioun deels d’Konditioune fir Holdinge geännert ginn. Deemno géifen déi Entreprisen elo ganz ënnert d’Direktiv falen. Méiglech, datt Lëtzebuerg dowéinst seng Positioun iwwerdenke muss. Detailer doriwwer waren en Donneschdeg net gewuer ze ginn.
Däitschland: Koalitioun ass sech net eens
An Däitschland war et déi lescht Woch zu engem Eclat an der Koalitioun komm. Verschidde Ministere vun der FDP hu sech ganz kritesch par Rapport zum neie Gesetz ausgeschwat. Héich Mënscherechts-Standarde wieren ze begréissen, sot zum Beispill de Justizminister Marco Buschmann. D’Direktiv dierft awer net zu enger “Selbststrangulierung” vum Wirtschaftsstanduert Däitschland féieren.
Den Aarbechtsminister Hubertus Heil ass selwer fir d’Direktive, hat awer annoncéiert, Däitschland géif sech wéinst der Oppositioun vun der FDP enthalen. Hien hätt bis zum Schluss probéiert, ee Kompromëss ze fannen, ma d’FDP wier net prett gewiescht mat op dee Wee ze goen.