Radioen

On air

9 bis 1  |  The National - Deep End (Paul_s In Pieces)

play_arrow Live
search

/ Schufa-Score net méi ausschlaggebend fir d'Kreditfäegkeet ze bestëmmen

Däitschland

Schufa-Score net méi ausschlaggebend fir d'Kreditfäegkeet ze bestëmmen

An Däitschland däerf déi sougenannte Schufa net méi grondsätzlech benotzt gi fir ze kucken, ob ee Bierger kreditfäheg ass oder net. Dat huet den europäesche Geriichtshaff haut decidéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Andreas Arnold
(Foto: picture alliance/dpa | Andreas Arnold)

Déi däitsch Schufa ass ee Scoring, deen opweist, wéi eng Prêten oder Scholden déi betraffe Persoun huet. Si ka vun all Händler opgeruff ginn. Jee no Bewäertung kritt de Client dann ee Prêt oder eng Bestellung refüséiert.

D‘Schufa selwer huet d‘Urteel begréisst. Elo wier kloer, wéi eng Roll d‘Bewäertung beim Accordéiere vu Prête géing spillen.