Radioen

On air

Concert  |  Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schoulmedezin: Net genuch Zäit fir d‘Kanner

Gesondheet

Schoulmedezin: Net genuch Zäit fir d‘Kanner

10 Minutte wier Zäit ee Kand an der Schoulmedezin ze gesinn. Dat geet net duer an ass e grousse Problem, esou de Constat vun der d‘Santésministerin. Op Basis vun engem Audit gëtt elo no Léisunge gesicht.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

All Joer ginn an der Grondschoul eng 30.000 Kanner am Kader vun der Schoulmedezin gesinn, am Secondaire sinn et der 20.000. D’Santé scolaire oder nach d’éducation à la santé ass ee vun de grousse Projete vun der Gesondheetsministerin Martine Deprez.

Am Duerchschnëtt hunn d’Doktere just 10 Minutte pro Kand an der Schoulmedezin Zäit. Eppes wat einfach net duergeet fir d’Kanner a Jugendlecher korrekt ze encadréieren.

Dobäi géif sech dann d'Fro stellen, ob all Kand automatesch ka gesi ginn, oder ob een och selektiv déi Kanner ka gesinn, déi et am dréngendste brauchen.

Prozedure landeswäit harmoniséieren

An engem Rapport vum Professer Pierre-André Michaud vun der Uni vu Lausanne, dee vun der viregter Santésministerin an Optrag gi war, gëtt recommandéiert eng Rei Moossnamen ze ergräifen, fir d’Budgete besser anzesetzen a fir den automateschen Exame kloer a Fro ze stellen.

Am Rapport vum Audit gouf och eng ganz Lëscht un Tester opgestallt, déi relevant sinn. Och missten d’Prozeduren an de Schoule landeswäit harmoniséiert ginn, an a punkto Digitaliséierung misst een den Dossier national unique an d’Liewe ruffen. 

Breet Consultatioun, éier datt d‘Konzept opgestallt gëtt

Et geet awer net duer Kanner ënner d’Lupp ze huelen, déi am Schoulalter sinn.

"Mir hunn eng Allocation prénatatale, eng Allocation de naissance, eng Allocation postnatale. Alles dat streckt sech bis zu zwee Joer, dann hu mer een Examen dentaire tëschent 2 a 4 Joer, mee et ass an deem Alter keng obligatoresch Visitt beim Pediater virgesinn."

D’Konzept steet nach net, betount d’Martine Deprez. Elo gëtt eng breet Consultatioun organiséiert zesumme mat de Gemengen iwwer de Syvicol a mat deene Gemengen, déi selwer esou ee Service vun der Schoulmedezin hunn, grad wéi d’ISA, déi am Secondaire aktiv ass, an d’Ligue médico. Da sollen Texter mam neie Konzept ausgeschafft ginn.

Lauschterenplay_arrow