Radioen

On air

Notturno  |  The The - Uncertain Smile (Original 7" Version)

play_arrow Live
search

/ Schengen vs. Valentiny: Fräisproch fir Buergermeeschter a Schäffen

Justiz

Schengen vs. Valentiny: Fräisproch fir Buergermeeschter a Schäffen

Am Prozess vum Architektebüro Valentiny géint de Schengener Schäfferot koum et den Donneschdeg Nomëtteg um Stater Geriicht zu engem Fräisproch fir déi politesch Responsabel.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Donieft gouf d’Citatioun géint de Beamte vum technesche Service, dee mat ugesicht war, vun de Riichteren irrecevabel erkläert. D’Maître Nora Dupont, Affekotin vum Gemengentechniker, war an enger éischter Reaktioun zefridde mam Urteel.

D'Nora Dupontplay_arrow

„Mir si ganz frou, dass déi Protectioun vum Fonctionnaire gespillt huet, dat ass kloer.“

De Buergermeeschter an de Beamte vum technesche Service, déi de Mëtteg present waren, wieren erliichtert, sou d’Maître Nora Dupont. Bekanntlech war den Architektebüro op d’Geriicht gaangen, well am Mee zejoert an enger Gemengerotssëtzung decidéiert gi war, zwee Kontrakter mam Büro ze kënnegen. Et war dobäi ëm de Schoulcampus Baggerweier zu Rëmerschen gaangen.

Nieft dem Fräisproch fir de Schäfferot an dem irrecevabel-Erkläere vun der Citatioun géint de Gemengentechniker huet d’Geriicht iwwregens och nach decidéiert, weder dem Büro Valentiny, nach dem Beamte vum technesche Service Schuedenersatz zouzespriechen. Elo bleift nach ze kucken, ob den Architektebüro eventuell Appell géint dëst éischt Uerteel mécht an et domat dann zu engem zweete Prozess an dëser Affär kéim.

 

Aktualitéit
Justiz