Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 30 Joer Prisong fir Mann, dee säi Papp erwiergt hat

Stater Geriicht

30 Joer Prisong fir Mann, dee säi Papp erwiergt hat

Et war kee Mord, also keng Dot mat Virsaz. Dofir goufen de Mëttwoch de Mëtteg um Stater Geriicht 30 Joer Prisong fir e Mann gesprach, deen am Dezember 2022 zu Esch säi Papp vun 71 Joer an deem senger Wunneng erwiergt hat. D'Riichtere sinn domat ënner der Fuerderung vum Vertrieder vum Parquet bliwwen.

auto_stories

2 min

Justiz | © Bigstock / AndreyPril
Justiz (Foto: Bigstock / AndreyPril)

Deen hat am Prozess liewenslängleche Prisong fir den Adoptivjong vun haut 36 Joer gefuerdert. Dee muss donieft 3 Partie-civilen am Ganzen 30.000 Euro Schuedenersatz bezuelen. Fir de Maître Biewer, Affekot vum Verurteelten, war eng kleng gutt Nouvelle eeben déi, datt et net liewenslänglech gouf. 30 Joer Prisong wieren natierlech awer enorm vill. Säi Client hätt d'Urteel relativ gefaasst opgeholl.

Et hätt een am Virfeld wéinst dem Oflaf vum Prozess scho gewosst, datt et eng ganz héich Strof géif ginn, esou den Affekot

"Déi Infraktiounen, déi reprochéiert sinn, och dat, op wat d’Defense plädéiert huet, Coups et blessures ayant entraîné la mort sans l’intention de la donner, dat ass, wann een et op en Elterendeel mécht, 20 bis 30 Joer. Dat heescht, et war an dësem Prozess guer net méiglech, op Grond vun der Gravitéit vun de Faiten, datt et elo méi eng kleng Strof gëtt."

Datt et vill géif ginn, wier also gewosst gewiescht, esou de Maître Biewer, deen elo zesumme mam Mandant kuckt, ob een Appell mécht oder net.