Radioen

On air

Notturno  |  Dana Gavanski - Word On A Wing

play_arrow Live
search

/ Musel no engem Accident wuel bis Mäerz fir de Schëffsverkéier gespaart

Bei Müden

Musel no engem Accident wuel bis Mäerz fir de Schëffsverkéier gespaart

No engem Accident an enger Schleis muss d'Musel a Rheinland-Pfalz zu Müden, knapp 100 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech, fir de Schëffsverkéier gespaart ginn. Dat bis viraussiichtlech Mäerz, wéi déi lokal Autoritéite matdeelen.

auto_stories

3 min

headphones

1 min

© Touristinfo Mosel op X play_arrow
Foto: Touristinfo Mosel op X

Bei engem Virfall gëschter um Sonndeg ass ee Gidderschëff géint déi nach net ganz zoue Paart gerannt. 

Wéinst der Sperrung kënnen aktuell eng 70 Schëffer net weider a Richtung Rhäin fueren.

Och Repercussiounen op Mäertert

Eng komplett Spär vun der Musel fir de Schëffsverkéier kéint fatal Follgen hu fir de Mäertert Hafen, sou de Gilles Braquet, Direkter vum LuxPort zu Mäertert.

Fir den Hafen zu Mäertert géif dat nämlech bedeiten, datt eng ronn 100 Schëffer an hir Fracht vun engem Barrage bis Mäerz 2025 betraff wieren, sou de Gilles Braquet. Hien hofft, datt bis Mëtt der Woch kloer ass, wéi et weider geet. Zu Mäertert am Hafe plangt ee schonn ëm, sou de Gilles Braquet.

"Hei spillt Mäertert de Virdeel aus, dass et en Tri-modalen-Hub ass. Dat heescht, mir kéinten hei op Camion an awer och op d’Bunn ëmstellen. Mir sinn de Moien am Préiwen, wat do méiglech ass. Do ginn et Alternativ-Fluen, sief et iwwer Däitschland, sief et awer och iwwer d'Belsch."

Lauschterenplay_arrow

De Gilles Braquet ass Direkter vum LuxPort zu Mäertert. | © radio 100,7
De Gilles Braquet ass Direkter vum LuxPort zu Mäertert. (Foto: radio 100,7)

Et wier awer nach ze fréi fir ze soen, wéi dat am Detail kéint ausgesinn, esou nach de Gilles Braquet.