Bei engem Virfall gëschter um Sonndeg ass ee Gidderschëff géint déi nach net ganz zoue Paart gerannt.
Wéinst der Sperrung kënnen aktuell eng 70 Schëffer net weider a Richtung Rhäin fueren.
Schiffsunfall in der Schleuse Müden: Ein mit Schrott beladenes Frachtschiff ist gegen ein geschlossenes Schleusentor gefahren, das dabei stark beschädigt wurde. Aufgrund des Schadens an der Schleuse ist die Schifffahrt auf der Mosel dort derzeit vollständig gesperrt. pic.twitter.com/HgfShN4MZ3
— Touristinfo Mosel (@mosel) December 8, 2024
Och Repercussiounen op Mäertert
Eng komplett Spär vun der Musel fir de Schëffsverkéier kéint fatal Follgen hu fir de Mäertert Hafen, sou de Gilles Braquet, Direkter vum LuxPort zu Mäertert.
Fir den Hafen zu Mäertert géif dat nämlech bedeiten, datt eng ronn 100 Schëffer an hir Fracht vun engem Barrage bis Mäerz 2025 betraff wieren, sou de Gilles Braquet. Hien hofft, datt bis Mëtt der Woch kloer ass, wéi et weider geet. Zu Mäertert am Hafe plangt ee schonn ëm, sou de Gilles Braquet.
"Hei spillt Mäertert de Virdeel aus, dass et en Tri-modalen-Hub ass. Dat heescht, mir kéinten hei op Camion an awer och op d’Bunn ëmstellen. Mir sinn de Moien am Préiwen, wat do méiglech ass. Do ginn et Alternativ-Fluen, sief et iwwer Däitschland, sief et awer och iwwer d'Belsch."
Et wier awer nach ze fréi fir ze soen, wéi dat am Detail kéint ausgesinn, esou nach de Gilles Braquet.