D'Marie-Marthe Müller betount, d'Autoritéite missten dofir suergen, datt d'Sans-abrie sech viru grousser Hëtzt kënne schützen, zum Beispill duerch grouss Sonneseegelen, déi iwwer Plaze gespaant ginn, wou si se sech ophalen.
Kuerzfristeg Léisungen
E vereinfachten Accès zu ëffentlechen Dusche wier eng aner Léisung, an et misst och Waasser un d'Leit op der Strooss verdeelt ginn, esou d'Marie-Marthe Müller. E Beispill kann den Ëmgang mat eelere Leit sinn, déi eleng doheem wunnen, no deene gekuckt gëtt, wann d'Temperaturen extreem héich sinn. Dat kéinten d'Regierung an d'Gemengen zesumme mat deenen Organisatioune maachen, mat deene si souwisou schonn zesummeschaffen, esou d'Spriecherin vun der ASBL.
Ëmmer méi heefeg ginn et mëttlerweil och am Summer hefteg Stierm an aner extreem Wiederphenomener. Och an esou Situatioune bräicht et zousätzlech Schutzmesuren.
"Wéi mir als Citoyen jo opgeruff ginn: 'Verloosst Äert Haus net, oder ënnerhuelt keng Aktivitéit dobaussen.' Da musse kuerzfristeg Strukturen opgemaach ginn, a wann et nëmmen een Turnsall ass, datt déi Leit do kënnen ënnerdaach kommen."
Housing First Concept geet net duer
D'Associatioun Solidaritéit mat den Heescherte fuerdert donieft Strukturen, an deene Sans-abrien dat ganz Joer kënne wärend dem Dag kommen, an net just, wann et kal ass.
"Déi Leit si jo ganz staark traumatiséiert oder hu psychesch Krankheeten, doduerch dass si schonn esou laang op der Strooss wunnen oder si sinn ofhängeg. Déi Leit, déi hu jo keng Zukunftsperspektiv, wa si néierens sinn, wou si kënnen e ganzt Joer bleiwen, respektiv wou si kënnen zesumme mat engem Assistant social, mat Educateuren, eebe lues a lues un hirer Zukunft erëm schaffen."
Aktuell Moossname vun der Regierung wéi d'Housing First Concept fir Sans-abrien, eng Wunneng ouni grouss Konditiounen zur Verfügung ze stellen, wieren zwar begréissenswäert, mee se géifen net séier genuch virukommen an och net duergoen, seet d'Marie-Marthe Müller vun der ASBL Solidaritéit mat den Heescherten.
Am Mäerz wieren zum Beispill just 46 Sans-abrien am ganze Land an enger Housing First Wunneng betreit ginn.