Kriticke gouf et an den Debatte virun Allem wëll de Koalitiounsprogramm op ville Punkte ganz vage wier. De Premier Luc Frieden huet gëschter präziséiert datt déi eenzel Minister, an d’Chamberkommissioune gi fir do de Programm am Detail ze erklären. Weider huet de Luc Frieden annoncéiert datt de Gesetzprojet zum Steierbarême bannent deenen zwou nächste Wochen deponéiert wäert ginn. Wëll dat méi een technesche Projet de Loi wier kéint dat méi séier op den Instanze Wee geschéckt ginn.
Déi dräi Oppositiounsparteien, déi keng Fraktiounsstäerkt an der Chamber hunn, haten op de Regierungsprogramm reagéiert.
Sam Tanson: "Vill Gepokers"
“Dir spillt mat der Zukunft vum Land” huet d’Sam Tanson un d’Adress vun der Regierung kritiséiert. Dëst wier net déi sozial, nohalteg a gerecht Politik, déi Lëtzebuerg a seng Leit bräichte fir déi grouss Erausfuerderungen unzegoen.
Villes am Programm wier am Ongewëssen, an et wier vill “Gepokers” dran, esou d’Spriecherin vun der grénger sensibilité politique an der Chamber. D’Sam Tanson huet vun enger “ongedeckter Wett op d’Zukunft vum Land” geschwat.
"Déi eenzeg Richtung déi kloer ass, ass déi vun enger ganz liberaler Wirtschafts- a Finanzpolitik. Kloer ass den Accord wann et drëms geet ze soen, ouni et natierlech esou ze soen, datt déi entlaascht ginn, déi scho vill hunn. Virun allem awer si mir an engem extrem ongewëssen internationale Kontext. Dir hutt Iech an dësem Accord keng Gedanken doriwwer gemaach, wat geschitt wann är Wett net opgeet. Wat gëtt dann nach ëmgesat? Wat gëtt dann nach gebaut? Wéi eng Subventioune gi gekierzt? Gëtt an dem Fall och nach um Klima an Energieplang festgehalen?"
Sven Clement: Onkloer wou d'Rees higeet
Den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement huet a senger Ried um Krautmaart ee Mangel u Substanz an Detailer am Regierungsprogramm fest gestallt. Et wier deemno onkloer, wou d’Rees mat der neier Regierung hi geet. Allerdéngs stéingen am CSV-DP-Programm och eng Rei gutt Iddien, dorënner d’Absicht datt d’Asyldemandeure gläichméisseg an alle Gemenge solle verdeelt ginn.
Dëse Koalitiounsaccord wier eng Gebrauchsuweisung fir déi sozial Inegalitéiten zum explodéieren ze bréngen, huet den Deputéierte vun Déi Lénk kritiséiert. Zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich hätt och nach keng Regierungskoalitioun esou wéineg Stëmme kritt, wéi déi aktuell. Vun du gëltege Walziedele wieren nëmme knapp 48 Prozent vun de Stëmmen op CSV an DP erfall.