Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Foster The People - Chasing Low Vibrations

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Saison vun de Klappjuegte fänkt un

Juegd

Saison vun de Klappjuegte fänkt un

Muer fänkt d‘Saison vun de Klappjuegten un. De Mobilitéitsminsitère, d‘Sécurité routière an d‘Juegdfederatioun hunn dofir eng Campagne lancéiert fir d‘Sécherheet vun den Automobilisten. D‘Chauffere sollen hir Vitessen a Bëschgebidder upassen a besonnesch opmierksam sinn. 

auto_stories

1 min

Wann een engem wëllen Déier op der Strooss begéint, soll ee méi lues fueren, tuten an d‘Winkeren umaachen. D‘Pharen dogéint sollt een net benotzen, well déi d‘Déieren an aner Automobiliste kéinte perturbéieren. Wann eng Kollisioun mat engem Déier onausweichlech ass, da soll een net versichen d‘Déier ze evitéieren, ma d‘Steier mat zwou Hänn unhalen an eng Noutbremsung maachen. 

Wann et zur Kollisioun kënnt, soll een eng Sécherheetswest undinn, wann en erausklëmmt, d‘Plaz vum Accident sécheren an d‘Police kontaktéieren. Op kee Fall soll een dat blesséiert oder doudegt Déier upaken oder beweegen. Un d‘Spadséiergänger ass et d‘Recommandatioun déi concernéiert Zone wärend der Saison vun de Klappjuegten ze evitéieren. Déi dauert bis de 17. Dezember.