Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​SYVICOL: De Staat muss mat de sozial-Partner Léisunge sichen

No Kritik vu Federation des Artisans

​SYVICOL: De Staat muss mat de sozial-Partner Léisunge sichen

D’Fédérationdes Artisans mécht den Appell un de Staat an d’Gemengen, déi geplangte Projete sou séier wei méiglech auszeschreiwen. D’Handwierk suergt sech och doriwwer, datt ëmmer méi Aufgaben, déi soss vu klengen Handwierksbetriber iwwerholl gi sinn, elo intern vun de Gemengen iwwerholl ginn.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© SIP/Julien Warnand play_arrow
(Foto: SIP/Julien Warnand)

Den CSV Deputéierten a President vum Gemengesyndikat, SYVICOL, Emile Eicher erkläert, datt et wichteg wier déi lokal kleng- a mëttelgrouss Handwierksbetriber ze ënnerstëtzen. De Staat misst awer do an éischter Linn seng Responsabilitéit huelen an zesumme mat de sozial-Partner no Léisunge sichen.

“Et setzt natierlech viraus, datt de Staat och de Gemengen ënnert d’Äerm gräift. En huet dat Deels gemaach mat Subventiounen, mee ech mengen do misst een dann, eng gemeinsam Aktioun maachen. Wou Staat a Gemengen sech un en Dësch setzen, villäicht och mat deenen zwou Chambres professionels. Fir schnell Léisungen ze fannen, well dorop kënnt et jo lo un.”

Wat seng Zukunft ugeet, sot den Emile Eicher, hie géif gär nach eng Kéier als President vum SYVICOL untrieden, wann Enn November de Comité néi gewielt gëtt. Vun senger Partei, der CSV, hätt hien dofir och d‘Ënnerstëtzung.

Lauschterenplay_arrow