Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ STATEC: De Bausecteur verzeechent déi meescht Faillitten 

ÉISCHT TRIMESTER 2024

STATEC: De Bausecteur verzeechent déi meescht Faillitten 

D‘Faillitte am éischten Trimester dëst Joer sinn am Verglach mam éischten Trimester zejoert ëm 15 Prozent geklommen. Dat deelt de Statec mat. Besonnesch betraff wiere Bauentreprisen.

auto_stories

1 min

Faillite | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer

An den éischten dräi Méint vum Joer sinn am Ganzen 317 Betriber Faillite gaangen. Doduerch wieren eng geschaten 1.240 Aarbechtsplaze verluer gaangen. Esou vill, wéi zanter 2011 net méi an engem Trimester.

Eleng am Bausecteur hätt et am éischten Trimester 81 Faillite ginn, mat engem Verloscht vu 660 Aarbechtsplazen.

Weider betraffe Secteure sinn de Commerce, mat 47 Faillitten, an d‘Horesca, mat 32 Faillitten an den éischten dräi Méint vum Joer.