Radioen

On air

Iwwer de Wolleken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL, LCGB an ALEBA: Neie Kollektivvertrag fir de Bankesecteur "eng Victoire"

Bankesecteur

OGBL, LCGB an ALEBA: Neie Kollektivvertrag fir de Bankesecteur "eng Victoire"

D’Gewerkschaften OGBL, LCGB an ALEBA hunn haut um Mëttwoch den neie Kollektivvertrag vir de Bankesecteur virgestallt. Doran sinn ënnert anerem virgesinn: Augmentatioune vun den Ufankssalairë vu bis zu 4 Prozent, eng Augmentatioun vun der Prime de fidélité vu bis zu 5 Prozent, a 16 Stonne Formatioun fir all Salariée.

auto_stories

1 min

OGBL, LCGB an ALEBA | © Sophie Schroeder
Foto: Sophie Schroeder

D’Gewerkschafte schwätze vun enger Victoire fir d’Salariéen, mee och vun immens zéie Verhandlunge mat der Bankenassociatioun ABBL, déi bal ee Joer gedauert hunn.

Dofir wier et wichteg och an Zukunft bei den nächste Verhandlungen un de Revendicatioune fest ze halen: Dozou d'Sylvie Reuter vum OGBL.

"Mir gi mat Zouversicht an déi nächst Verhandlungen. Ech mengen, mir hunn hei kloer gewisen, et gouf en Accord an dee war 'unreachable'. Mir haten een Agrement, wou mir gesot hunn - déi zwou grouss Gewerkschafte mat der ALEBA - mir ginn net no, bis jiddweree vun eis zefridden ass asäi Go gëtt."

Aktualitéit
Wirtschaft