Radioen

On air

Iwwer de Wolleken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSSF iwwerpréift Aktioune vun der ING

Stoppe vum Retail-banking

CSSF iwwerpréift Aktioune vun der ING

D‘Finanzkontroll CSSF iwwerpréift, op d‘ING Bank sech un d‘Spillreegele gehalen huet wat d'Stoppe vum sougenannte Retail-banking zu Lëtzebuerg ugeet. Dat mellt d'Lëtzebuerger Wort haut.

auto_stories

1 min

Wéi d‘Lëtzebuerger Wort haut schreift, géif gepréift ginn, op d‘ING scho Pläng fir de Konten-Transfert hat, éier si hir Decisioun matgedeelt huet.

D‘Bank wier an der Obligatioun, hir Clienten anstänneg ze informéieren, an hinnen e geuerdenten Transfert sou einfach wéi méiglech ze maachen.

D‘CSSF wier de Wort Sourcen no awer onzefridden iwwer d‘Aart a Weis, wéi d‘ING d‘Situatioun gehandhaabt huet, an och wéi se kommunikéiert huet.