arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SLAPP-Klo: Affekotin vu Journalistin fuerdert am Appell 5.000 Euro Schuedensersatz

Justiz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

SLAPP-Klo: Affekotin vu Journalistin fuerdert am Appell 5.000 Euro Schuedensersatz

Nom Fräisproch an 1. Instanz huet sech d’Cour d’appel an der Stad mat enger SLAPP-Klo géint eng Journalistin vu reporter.lu befaasst. Si war am Juni zejoert vun de Virwërf vun Diffamatioun a Calomnie fräigesprach ginn an hat eng Indemnité de procédure vun 1.000 Euro zougesprach kritt.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Geklot hat de Gerant vun engem Immobiliegrupp.

Mat SLAPP-Kloe solle kritesch Stëmmen intimidéiert oder ënnerdréckt ginn, wa si sech an Affäre vun ëffentlechem Intressi zu Wuert mellen. D’Zil vun esou Kloen ass et net, fir dee Prozess ze gewannen, mee fir d’Participatioun un enger ëffentlecher Debatt ze verhënneren.

D’Journalistin war géint dat 1. Urteel an Appell gaangen, well hir Demande no Schuedenersatz an 1. Instanz verworf gouf.

5.000 Euro Schuedenersatz fir d'Journalistin gefuerdert

Hiren Affekot, de Me Sünnen, huet op d’Wichtegkeet vun enger Entschiedegung vu Journalisten insistéiert. Esou Kloe géifen nämlech Drock op si maachen. D’Demande vun der Géigesäit op Schuedenersatz an Héicht vun 100.000 Euro wier disproportionéiert an et géif keng Erklärung dofir ginn.

D’Klo wier abusiv a seng Cliente sollt 5.000 Euro Schuedenersatz kréien, esou de Me Sünnen.

Affekotin vum Promoteur wëllt, datt Urteel confirméiert gëtt

Am Prozess goung et ëm een Artikel vun der Journalistin vu Juli 2024. Doran ass et ëm de Gerant vun engem Immobiliegrupp gaangen, deen zu enger Geldstrof verurteelt gouf, wéinst Violatioun vum Gesetz iwwer d’Handelsgesellschaften. D’Journalistin hat geschriwwen, de Promoteur hätt op privat Investissementer gesat fir seng Projeten ze finanzéieren, déi dacks net fäerdeg gestallt gi wieren.

Deem seng Affekotin, d’Me Pierini, huet argumentéiert, datt hire Mandant net gehandelt hätt, fir ze schueden. Vill méi wier hie selwer duerch deen Artikel geschiedegt ginn an den Ëmsaz staark erofgaangen. Dofir hätt de Gerant d’Justiz saiséiert an d’Entreprise wéisst net, ob si sech erkritt. Dat 1. Urteel wier ze confirméieren, huet d’Me Pierini plädéiert.

Keen Appell vun der Societéit géif "mauvaise foi" ënnersträichen

Fir d’Vertriederin vum Parquet général dogéint hätt d’Journalistin just hir Aarbecht gemaach. Et géif Limitte vum Virgoe géint d’Meenungsfräiheet ginn, an d’Prozedur vun der Firma wier komplett onbegrënnt gewiescht. Déi hätt donieft en Droit de réponse am Online-Magazin gefrot, deen och publizéiert gouf.

Nawell wier duerno eng strofrechtlech Prozedur lancéiert ginn. Intressi un der Affär hätt d’Societéit awer net gehat, well si keen Appell géint dat 1. Uerteel gemaach hätt. Dat géif just d’”mauvaise foi” vun der Klo ënnersträichen.

 D’Appellsurteel gëtt den 20. Abrëll gesprach.

play_arrow Lauschteren