War hien am Abrëll zejoert um Stater Geriicht zu 18 Joer Prisong, 12 dovu mat Sursis probatoire, verurteelt ginn, soll den Undeel un deem Sursis am zweete Prozess net iwwer 9 Joer erausgoen.
Virun eppes méi wéi 3 Joer war dat spéidert Affer no engem Sträit mam Ugeklote mat Messeren op d’Trainingsterrainen an der Hiel zeréckkomm. Um Enn hat den Ugeklote mat engem vun de Messeren op de Mann agestach. Deen ass Stonnen drop u senge Blessure gestuerwen.
D'Fro, ob et Noutwier war oder net
Zu den Oploe fir den Ugeklote sollt ënner anerem eng psychiatresch a psychologesch Behandlung gehéieren, an hie sollt der Famill vum Affer 56.000 Euro an der Gesondheetskeess ronn 7.350 Euro Schuedenersatz bezuelen.
Gëschter sot de Mann, datt déi 1. Strof ongerecht gewiescht wier. Et wier nämlech net a Betruecht gezu ginn, wat wierklech geschitt ass. Säin Affekot, de Me Mioli, huet virun allem drop insistéiert, datt de Client deemools an Noutwier gehandelt hätt.
Déi 1. Riichteren hätten dat, wat geschitt ass, awer net als Ganzt gesinn, mee als zwou Aktiounen. Bei där baussent dem Terrain hätte si keng Noutwier méi gesinn. Dem Me Mioli no misst déi awer zeréckbehalen a säi Mandant fräigesprach ginn.
18 Joer Prisong adequat, mee mat manner Sursis
An den Ae vum Vertrieder vum Parquet général hätt d’Affer, eng 80 Meter vum Terrain ewech, seng Messere fale gelooss. Et hätt du wuel kënne festgehale ginn, mee Gewalt géint de Mann hätt misse proportionéiert sinn. Dat wier awer net de Fall gewiescht: Villméi wier d’Situatioun degeneréiert, andeems den Ugekloten d’Affer mat engem Steen op de Kapp geschloen an dono mat engem Messer zougestach hätt.
Et wier richteg, datt déi 1. Riichteren d’Noutwier net zeréckbehalen hunn.
Wat d’Strofmooss ugeet wieren 18 Joer Prisong adequat. Den Ugeklote géif awer net souvill Sursis probatoire verdéngen, ënner anerem well hien d’Affer “gelyncht” hätt. De Mann hätt net méi wéi d’Hallschent vun der Strof als Sursis probatoire zegutt.
Do virdrun haten de Me Andic fir de Papp, d’Mamm an de Brudder vum Affer 60.000 an d’Vertriederin vun der Gesondheetskeess ronn 11.000 Euro Schuedenersatz gefrot.
Den 29. Abrëll gëtt d’Appellsurteel gesprach.