arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bommeleeër-Prozess: Defense fuerdert Käschteniwwerhuelung vum Staat

Justiz

|
reading time

6 min

headphones

6 min

play_arrow

Bommeleeër-Prozess: Defense fuerdert Käschteniwwerhuelung vum Staat

Am Virfeld vum Appellprozess am zweete Bommeleeër-Prozess am Hierscht ginn d’Affekote vun den initial Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes op d’Verwaltungsgeriicht. Déi zwee fréier Membere vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie hätte gär, datt de Staat hir Affekotekäschten iwwerhëlt.

reading time

6 min

headphones

6 min

play_arrow
De Me Hirsch (lénks) an de Me Lehnen (riets) | © Eric Ewald
De Me Hirsch (lénks) an de Me Lehnen (riets) (Foto: Eric Ewald)

Si sinn zënter 2007 als potentiell Bommeleeër ugeklot.

Bis elo wieren hir Demandë fir eng Prise en charge vun deene Käschten zeréckgewise ginn, hunn de Me Hirsch an de Me Lehnen am Gespréich mam Radio 100,7 kritiséiert. Wat den Haaptprozess ugeet, deen zënter 2014 op Äis läit, géif näischt dogéint schwätzen, datt dee weidergefouert gëtt.

An der Bommeleeër-Affär waarden déi zwee initial Ugekloten zënter 12 Joer, datt hire Prozess weidergeet an datt et een Urteel zu de Bommenattentater vu Mëtt der 80er Joer gëtt. Déi fréier Membere vun der Brigade mobile Marc Scheer a Jos Wilmes hunn an der Tëschenzäit nei Affekoten. 

D’Affekoten am 100,7-Interview

Den Datum vum Depot vun hirem Recours um Tribunal administratif ass dobäi nëmmen zoufälleg op den Dag nom Urteel am zweete Bommeleeër-Prozess gefall. Dat hunn de Me Hirsch an de Me Lehnen an engem Gespréich mam 100,7 betount.

De Marc Scheer an de Jos Wilmes kruten ënner anerem Attentater an hiren Aarbechtsstonne virgehäit. Als deemoleg Staatsbeamte misst deemno fir si d’Prise en charge vun den Affekotekäschte spillen, esou de Me Hirsch.

“Mir hunn den 11. November eng lescht Kéier eng Demande un de Ministre de la Fonction publique geschéckt, wou u sech och hätt misse kloer sinn, datt si dee Refus net nach eng Kéier kënnen ausschwätzen. Et ass e Refus komm, den 1. Dezember. Dann huet een dräi Méint, fir dat anzereechen, esou datt mir dann de 27. Februar dat agereecht hunn.”

Näischt erausfonnt fir d'Wourecht un d'Liicht ze bréngen

De permanente Refus vum Staat wier net normal, mengen d’Affekoten, déi sech donieft op d’Suite vum éischte Bommeleeër-Prozess preparéieren, deen zënter 2014 op Äis läit.

Hir Clientë géife weider “um Grill waarden”, datt deen Haaptprozess virugeet. Wuel wier am zweete Bommeleeër-Prozess elo en éischt Urteel gesprach ginn, esou de Me Lehnen, mee et hätt ee bis elo näischt erausfonnt, dat dozou bäigedroen hätt, d’Wourecht am Haaptprozess erauszefannen.

Et misst ee géint d’Meenung kämpfen, datt an dëser Affär näischt erauskënnt, well dat wier inakzeptabel. Och wann de kierzlech verstuerwene fréieren Untersuchungsriichter am Bommeleeër-Dossier Prosper Klein am éischte Prozess sot, et wier eng Staatsaffär, déi net dierft opgekläert ginn. Dat géif heeschen, datt et ëm Institutioune géif goen, esou de Me Hirsch.

“An da wier et och gutt fir eis Gesellschaft, datt déi Saach endlech opgekläert gëtt, datt näischt ënner de groussen Tapis national gekiert gëtt, an datt mir alleguer wëssen, wat gelaf ass a wien et war.”

Wat hir Mandanten ugeet, géif ëmmer méi vergiess ginn, datt déi just ugeklot an net verurteelt sinn.

"Staark Beweiser" fir d’Onschold vu Scheer a Wilmes

De Marc Scheer an de Jos Wilmes wieren elo e Véierel vun hirem Liewen “mat där Saach do amgaangen”. Dobäi mengen hir Affekoten, ganz staark Beweiser ze hunn, datt et hir Clienten net waren.

D’Affekote ginn och op d’Ausso vum Aloyse Harpes (2017) géintiwwer den Enquêteuren an: De fréieren héije Gendarmerie-Responsaablen hat gesot, hien hätt am éischte Prozess d’Nimm vun de Bommeleeër genannt, wat esou net stëmmt.

Fir de Me Hirsch hätt am Haaptprozess d’Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter gesot, datt d’Beschreiwunge vun Zeien am Kontext vum Attentat op d’Kasematte weder op de Marc Scheer, nach op de Jos Wilmes passe géifen.

“Dat heescht, déi Ausso, déi do komm ass vun där Persoun, et wier Geiben, et wier Steil, et wier Scheer an et wier Wilmes, déi ka sou net stëmmen.”

"Zeie stierwen eis ewech"

Déi rezent Ausso vum Procureur général d'État John Petry, datt den Haaptprozess misst weidergefouert ginn an dat och gëtt, hunn d’Affekote begréisst. Wéini e weidergefouert gëtt, wier awer eng Decisioun vun der Justiz.

Awer et wier ee frou, wann dat esou séier wéi méiglech géif geschéien, esou de Me Lehnen.

“Well eis d’Beweismëttel all entwutschen, Zeien, déi eis ewech stierwen, Zeien, déi sech net méi kënnen erënneren oder sech net méi kënne richteg erënneren.”

De Me Hirsch an de Me Lehnen geséichen et och als “Zeeche vu Maturitéit vun de Leit un der Spëtzt vum Staat", datt d’Affär opgekläert gëtt.

Privat Kontakter vum Luc Frieden an dem Pierre Reuland

Nieft der Ausso vum Prosper Klein zur Staatsaffär, déi net dierft opgekläert ginn, géif et déi vum condamnéierte fréiere Police-Generaldirekter Pierre Reuland ginn, datt et net de Grand-Duc war, mee och net wäit drënner. Et wier am Interêt vum Staat, datt ee wéisst, wien et war.

Och misst ee sech Froe stellen zur Roll vum fréiere Justizminister an heitege Premier Luc Frieden. D’Affekote vum Marc Scheer a vum Jos Wilmes si verwonnert iwwer privat Kontakter - op d’mannst bis 2001 - tëschent dem Luc Frieden an dem rezent condamnéierte Pierre Reuland, esou de Me Hirsch.

“Datt do Liene tëschent dem Här Frieden an dem Här Reuland bestanen hunn - mir hunn dat gelies am Requisitoire vum Parquet am Nieweprozess - dat huet eis erstaunt.”

De Me Hirsch an de Me Lehnen verweisen donieft op eng Reunioun vun der parlamentarescher Justizkommissioun (2013). An där goufen de fréiere Procureur général d’État Roby Biever an d’Ex-Untersuchungsriichterin Doris Woltz gehéiert.

Dem Me Lehnen no wier et warscheinlech fir déi zwou Persounen net einfach gewiescht, fir géint e fréiere Justizminister esou Aussoe missen ze maachen.

“D'Madamm Woltz huet kloer ze verstoe ginn, datt si sech bedrängt gefillt huet duerch déi Demanden, déi komm si vum fréiere Justizminister. An doriwwer kann een nëmme staunen.”

Wisou war de Luc Frieden esou intresséiert?

De Me Hirsch freet sech, firwat de Luc Frieden un deem Dossier esou interesséiert war a firwat en net einfach sot, d'Justiz sollt hire Wee maachen, wéi an allen aneren Affären.

“Den Här Biever huet et um Enn vun där Chamberkommissioun soulignéiert, datt en och mam Premierminister iwwer deen Dossier geschwat hätt - dat war deemools de Jean-Claude Juncker - an datt dee gesot hätt, d'Affär misst opgekläert ginn. Also huele mir elo un, datt den haitege Premierminister dann och dofir ass, datt déi Affär soll lupenrein opgekläert ginn.”

En attendant sollten hir Clienten dee Support kréien, dee si bräichten, esou de Me Lehnen an de Me Hirsch.

En Datum, wéini d’Bommeleeër-Affär viru Geriicht virugeet, gëtt et nach net.

play_arrow Lauschteren