arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär RTL/Lunghi: Prisong mat Sursis fir seng Fra

Justiz

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Affär RTL/Lunghi: Prisong mat Sursis fir seng Fra

D’Fra vum fréiere Mudamdirekter Enrico Lunghi gouf de Moien um Stater Geriicht zu engem Joer Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 5.000 Euro veruerteelt. Géint den Enrico Lunghi gouf iwwerdeems eng Geldstrof vun 8.000 Euro gesprach.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Geriicht | © Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Den Enrico Lunghi an d’Catherine Gaeng kruten de Prozess gemaach, well si Informatiounen aus der Enquête vum Untersuchungsriichter ëffentlech gemaach haten.

Thoma, Berwick a Schram krute Schuedensersatz

D’Partie-civillen an dësem Prozess Marc Thoma (Ex-RTL-Journalist), Alain Berwick (fréieren RTL-Direkter) an d’Mamm vum der Ex-RTL-Journalistin Sophie Schram, kruten iwwerdeems 9.775, 1.000, respektiv 500 Euro Schuedensersatz zougesprach.

D’Fra vum Enrico Lunghi hat am Mee 2021 e Buch am Zesummenhank mat der Affär Lunghi/RTL publizéiert. Dora gouf den Instructiounsdossier a groussen Deeler erëmginn, mee déi Instruction koum eréischt 5 Méint drop op en Enn. 

Prozess an der Affär RTL/Lunghi geet de mëtteg virun

De Me Baulisch, Affekot vun der Partie civile an Ex-RTL-Journalist Marc Thoma, sot nom Urteelssproch, datt ee misst zefridde sinn.

“(...) well dat do muss bestrooft gi sinn. Dat hei ass kee Kavaléiersdelikt. An dofir ass et och richteg, datt d'Geriicht hei dem Réquisitoire vum Parquet nokomm ass. Och d’Partie civilen, datt déi zu hirem Recht komm sinn, ass ganz wichteg, fir datt déi do Saachen an Zukunft ënnerbonne ginn.”

Am Nomëtteg geet op der Cour d’appel an der Stad de Prozess an der “RTL/Lunghi-Affär” virun. Dat hei Urteel géif weisen, datt d’Rechter vun den Ugekloten (de Marc Thoma an d’Sophie Schram) violéiert gi wieren, esou nach de Me. Baulisch.

“Mir hunn dat ëmmer gesot, an elo hu mir et schwaarz op wäiss. A jiddereen, deen dat minimiséiert oder kleng geschwat huet, mengen ech, dee soll sech elo bei der eegener Nues huelen.”

play_arrow Lauschteren