Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland: Verdeedegungsminister gëtt ersat

Russland

Russland: Verdeedegungsminister gëtt ersat

Et ass eng e bëssen iwwerraschend Personaldecisioun, iwwer zwee Joer nom Ufank vum Ukrain-Krich: De russesche President Wladimir Putin wëll säin enke Vertrauten, de Sergej Schoigu, als Verdeedegungsminister austauschen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Sergei Schoigu | © picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool play_arrow
Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool

E Grond fir deen ugekënnegte Changement gouf net genannt. Successeur vum Schoigu soll de Vize-Premier vu bis elo, den Andrej Beloussow, ginn. 

Muechtkämpf an der russecher Arméi? 

Virun e puer Woche war ee vun den Adjointe vum Schoigu, op Grond vu Korruptiounsvirwërf, festgeholl ginn. Observateuren haten dat als en Zeeche vu Muechtkämpf am russeschen Arméi- a Sécherheetsapparat ugesinn. De Sergej Schoigu soll elo un d’Spëtzt vum nationale Sécherheetsrot kommen. Op där Plaz war bis dato den Nikolai Patruschew, deem seng nei Aufgabe geschwë solle bekannt gi ginn, dat huet de Kremlspriecher Dmitri Peskow erkläert. 

No de Presidentewale vu Mëtt Mäerz muss eng nei Regierung forméiert ginn, an et stinn e puer Personalwiesselen un. Keen ass allerdéngs esou wichteg, wéi dee vum 68 Joer ale Schoigu, deen zanter 2012 Verdeedegungsminister war. Fir de Kremlspriecher Peskow géif hautzedaags um Schluechtfeld dee gewannen, dee méi oppe wier fir Innovatiounen an d’Ëmsetzung dovun. Den Zivilist Beloussow, deen de Wladimir Putin a Wirtschaftsfroe beroden huet, wier ouni Zweifel de beschte Kandidat, fir d’russesch Waffenindustrie auszebauen an nei Technologien anzeféieren. 

Héich Ausgaben fir d'Verdeedegung

Experte ginn dovun aus, datt de Wladimir Putin den Ukrain-Krich mat der Produktioun an de Rüstungsbetriber gewanne wëll. Am President sengen Aen hätt sech de wirtschaftleche Block am Krich als méi effektiv erwise, wéi de Sécherheets- an Arméiapparat. Dem Kremlspriecher Peskow no, wieren d’Verdeedegungsausgaben a Russland an der Tëschenzäit sou héich, datt de Beloussow de Mann wär, fir dee Beräich ze kontrolléieren.

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft