arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesch Dronen am polneschen a rumänesche Loftraum

NATO-Kampfjetten am Asaz

|
headphones

1 min

Russesch Dronen am polneschen a rumänesche Loftraum

Nodeems a Pole russesch Dronen ofgeschoss gi sinn, koum et do an a Rumänie gëschter um Samschdeg rëm zu weidere Virfäll. Russland steet am Verdacht, Drone geziilt op NATO-Gebitt oder ganz no bäi geschoss ze hunn.

headphones

1 min

© EPA/PIOTR POLAK POLAND OUT
(Foto: EPA/PIOTR POLAK POLAND OUT)

Polen huet dowéinst gëschter um Samschdegmëtteg Kampfjetten an d'Loft geschéckt an d‘Loftofwiersystemer um Buedem goufen aktivéiert.

Och Rumänie mellt russesch Dronen un der ukrainescher Grenz. Zwee NATO- Kampfjette kontrolléieren de rumänesche Loftraum.

Selenskyj: Putin wëllt Krich eskaléiere loossen

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gleeft net un en Iertum oder Accident. Déi russesch Arméi wéisst genee, wou hir Dronen hifléien, an et wier och kee Kommandant do, deen op eege Fauscht géif handelen, esou de Selenskyj op Telegram.

Fir den ukrainesche President wéilt Moskau de Krich géint d'Ukrain eskaléiere loossen.

Och d'Ukrain huet rëm Dronen a Russland geschoss: Am Nordweste vu Russland, eng 110 km südëstlech vu St. Petersburg, wier eng vun de gréisste Raffinerië getraff ginn. 3 ukrainesch Drone wieren do ageschloen an d'Installatioun wier a Brand geroden.