arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pole freet un, fir den Artikel 4 vum NATO-Accord ze aktivéieren

Krich géint d'Ukrain

|
headphones

3 min

Pole freet un, fir den Artikel 4 vum NATO-Accord ze aktivéieren

Warschau huet elo den Artikel 4 vum NATO-Accord aktivéiert: Deen Artikel gesäit Berodunge mat den Alliéierte vir, wann een NATO-Memberland sech vu bausse a Gefor gesäit.

headphones

3 min

19 Dronen goufen ofgeschoss, 7 wiere bis elo fonnt ginn, virun allem am Oste vum Land | © EPA/WOJTEK JARGILO POLAND OUT
19 Dronen goufen ofgeschoss, 7 wiere bis elo fonnt ginn, virun allem am Oste vum Land (Foto: EPA/WOJTEK JARGILO POLAND OUT)

Eng éischte Kéier zënter dem Ufank vum Krich géint d’Ukrain huet déi polnesch Arméi an der Nuecht op e Mëttwoch russesch Dronen iwwert dem polnesche Loftraum ofgeschoss.

Russland behaapt et hätt Polen net viséiert. Dat mellt de russesche Verdeedegungsministère.

Krisesëtzung vun der NATO

De polnesche Premier Donald Tusk huet d‘NATO informéiert an eng Krisesëtzung aberuff. Der polnescher Arméi no, wieren iwwert eng Dosen Dronen, déi Russland op d‘Ukrain geschoss hat, bis déif an de polnesche Loftraum geflunn.

De polnesche Ministerpresident Donald Tusk sot, datt dëst den éischte Fall wier, wou russesch Dronen iwwert dem Gebitt vun engem NATO-Land ofgeschoss gi wieren.

Panik evitéieren

De polnesche Verdeedegungsministère schwätzt vun enger schwéierer Provokatioun, warnt awer gläichzäiteg viru Panik, d‘Leit solle roueg bleiwen. 

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet vun engem geféierleche Prezedenzfall fir Europa geschwat.

Europäesch Reaktiounen

D'Reaktiounen aus Europa loossen net op sech waarden. Et wier inacceptabel, datt russesch Dronen an de polnesche Loftraum geschoss gi wieren, sot zum Beispill de franséische President Emmanuel Macron.

An hirer Reid zu Lag vun der europäescher Unioun huet d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sech no de Berichter iwwer russesch Dronen am polnesche Loftraum solidaresch mat Polen gewisen. Et wier eng rücksichtslos a ni do gewieschte Violatioun vum polnesche Loftraum duerch méi wéi 10 Shahed-Dronen. Europa steet a voller Solidaritéit mat Polen.

Eng ganz Rei europäesch Länner hu sech och scho solidaresch mat Pole gewisen a Warschau hir Ënnerstëtzung ugebueden.

Mark Rutte: Dëse Verstouss ass keen isoléierten Tëschefall

Un der Ofwier waren och Nato-Pilote bedeelegt, esou den NATO-Generalsekretär Mark Rutte. De polnesche Premier wëllt den Artikel 4 vum NATO-Traité aktivéieren. Deen Artikel gesäit Consultatioune vir, am Fall wou ee Memberland bedrot gëtt. D‘NATO préift de Virfall – wëll e fir den Ament awer nach net definitiv bewäerten. Dozou den NATO-Generalsekretär Mark Rutte:

"Den NATO -Rot huet sech de Moie getraff an d'Situatioun diskutéiert. Dat no der Ufro vu Polen, fir Consultatiounen am Kader vum Artikel 4 vum Traité vu Washington. D'Alliéiert hunn hir Solidaritéit mat Polen ausgedréckt an dat récksiichtslosst Verhale vu Russland verurteelt. Eng komplett Evaluatioun vum Virfall ass amgaangen. Kloer ass, datt de Verstouss hënt keen isoléierten Tëschefall ass."

Et ass effektiv net seelen, datt russesch Drohnen, déi d‘Ukrain viséieren, staark vun hirer Trajectoire ofkommen. Den däitsche Verdeedegungsminister geet sengersäits awer dovun aus, datt d'Drohnen geziilt a Richtung Polen geflu sinn. Och d‘EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas seet et géif Unzeechen dofir, datt de polnesche Loftraum express violéiert gouf.

Zu Warschau huet eise Korrespondent Adrien Sarlat mat Leit geschwat, Leit, déi sech Suerge maachen.

play_arrow Lauschteren