Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
search

/ Rumänien: Pro-europäesch Koalitioun aus fënnef Parteie steet

No de Parlamentswalen

Rumänien: Pro-europäesch Koalitioun aus fënnef Parteie steet

No de Parlamentswalen a Rumänie goufen déi fënnef pro-europäesch Fraktioune sech iwwer eng Koalitioun eens. Déi fënnef kommen zesummen op ronn 65 Prozent an hunn domat eng zolidd Majoritéit am Parlament zu Bukarest.

auto_stories

1 min

© PaulCowan/Bigstock
Foto: PaulCowan/Bigstock

D'Koalitioun besteet aus Sozialdemokraten, Liberalen, Reformpartei, Ungarnverband an eng Allianz vun 19 eethnesche Minoritéiten. Si géifen elo un engem Koalitiounsprogramm schaffen, hu si gëschter no Verhandlungen annoncéiert.

Déi nei Koalitioun huet och all Accord mat den dräi rietsextreeme Parteien ausgeschloss. Si ware bei de Walen ufanks Dezember däitlech gestäerkt ginn.