search

/ Rout Alert wéinst dem Stuerm Nils a véier Departementer, 900.000 Stéit ouni Stroum

Frankräich

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Rout Alert wéinst dem Stuerm Nils a véier Departementer, 900.000 Stéit ouni Stroum

Mat Wandspëtzten iwwer 160 Km/H zitt de Stuerm Nils zanter leschter Nuecht iwwer de Süden a Weste vu Frankräich ewech. Fënnef Departementer stinn ënnert der héchster Warnstuf, eng Persoun koum wéinst dem Stuerm ëm d’Liewen an 900.000 Stéit waren um Donneschdegmoien ouni Stroum.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
©  picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jerome Gilles)

Wéinst dem Stuerm Nils stoungen um Donneschdegmoie fënnef Departementer ënnert der héchster Warnstuf, wann och wéinst ënnerschiddleche Geforen. D'Pyrénees-Orientales an d’Aude wéinst de staarke Wandstéiss, Gironde a Lot-et-Garonne wéinst Iwwerschwemmungen an d’Alpendepartment Savoie wéinst akuter Lawinegefor. 

Ee Camionschauffer koum ëm d‘Liewen

Eng 30 Departementer stinn ënner der zweethéchster Warnstuf an de Groussdeel wäert et och nach bis muer, Freideg, bléiwen. De Stuerm zitt den Ament weider Richtung Mëttelmier. Bis elo koum eng Persoun wéinst dem Wand ëm d’Liewen. E Camionschauffer ass am Südwesten déidlech verongléckt, wéi een décken Aascht vun engem Bam op säi Gefier gefall ass. Nach eng weider Persoun gouf uerg blesséiert, och hei war et ee Bam, deen an d’Strooss gefall ass.

Schoulen deelweis zou

Och de materielle Schued ass grouss, um Donneschdegmoie waren eng 900.000 Stéit am Südweste vum Land ouni Stroum. Météo France sot, d’Stäerkt vum Stuerm wier aussergewéinlech. D’Vize-Presidentin vum Departement Aude, d’Tamara Rivel, sot et hätt een zanter 2009 kee Wierder wéi dëst gesinn. 

Wéinst dem Stuerm ass och den Zuchtrafic a wäiten Deeler vum Land staark ageschränkt. Plazeweis sinn haut och d’Schoulen zou bliwwen.

Och Spuenien a Portugal nees getraff

De Stuerm huet och a Spuenien an a Portugal fir Schued gesuergt. A Portugal ass eng wichteg Autobunnsbréck tëschent Lissabon a Porto agefall. Déi wäert elo e puer Woche gespaart sinn.

D'Haaptbréck tëschent Porto a Lissabon ass beim Stuerm Nils geschiedegt ginn | © EPA/MIGUEL A. LOPES
D'Haaptbréck tëschent Porto a Lissabon ass beim Stuerm Nils geschiedegt ginn (Foto: EPA/MIGUEL A. LOPES)

Och a Katalonien gouf eng rout Alerte ausgeruff. Op d‘mannst 7 Mënsche sinn do blesséiert ginn, duerch Beem déi ëmgefall sinn an eng Mauer, déi an e Koup gefall ass.

Ronderëm Barcelona si Wandspëtzt vu bis zu 167 Kilometer an der Stonn gemooss ginn. 

 

play_arrow Lauschteren