Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ronn eng Dose Lëtzebuerger Staatsbierger sinn evakuéiert ginn

Israel

Ronn eng Dose Lëtzebuerger Staatsbierger sinn evakuéiert ginn

Eng gutt Dose Lëtzebuerger Residenten, respektiv Staatsbierger, sinn de Moie mam Fliger aus Israel evakuéiert ginn. Si sinn iwwer Jordanie geflunn an zu Istanbul gelant. Dat confirméiert de Lëtzebuerger Ausseministère. Et wier een am enke Kontakt mat iwwer 70 Lëtzebuerger Staatsbierger oder Residenten. Dovunner konnten der Ronn 30 d’Krichsgebitt an Tëschenzäit verloossen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Entwécklungen an Israel.MP3play_arrow

No der brutaler Attack vun der Hamas op Israel gouf de Fluchverkéier um internationale Flughafe Ben Gurion bei Tel Aviv elo staark limitéiert. Wéi de Flughafen op sengem Internetsite matdeelt, wier Ronn Hallschent vun de Flich, déi vun do aus sollte fortgoen, de Moie gestrach ginn.

Genau Zuel vu Lëtzebuerger an Israel ass onbekannt

Fir déi Concernéiert aus dem Krisegebitt erauszefléie wier een am enke Kontakt mat den israeeleschen Autoritéiten, den europäesche Partner an der belscher Ambassade, heescht et weider aus dem Ausseministère. Dem Registre national des personnes physiques no sinn alles an allem 101 Lëtzebuerger an Israel ugemellt. Wéi vill vun dëse Persoune sech zu dësem Zäitpunkt och wierklech an Israel befannen, kéint een net soen, esou den Ausseministère.

De Bilan vun den Affer am Noen Osten ass iwwerdeems weider geklommen. Israel mellt elo 1.200 Doudeger, dorënner 170 Zaldoten, an déi palestinensesch Autoritéiten hunn hire Bilan op 950 Doudesaffer no uewe revidéiert.

Jean Asselborn verurteelt „barbaresch“ Attack vun der Hamas

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn war gëschter iwwer Video bei der aussergewéinlecher Sëtzung vun den EU-Ausseministeren iwwert de Krich am Noen Osten zougeschalt. Lëtzebuerg verurteelt déi „barbaresch“ Attack vun der Hamas op Israel, an Israel hätt d‘Recht sech ze verdeedegen, esou den Ausseminister an engem Communiqué. D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet d‘Attack vun der Hamas de Moien als Krichsakt bezeechent.